
Traureg Nouvelle aus dem Vëlossport. Den 30 Joer jonke Coureur Cristian Muñoz war leschte Samschdeg beim Tour du Jura op de lénke Knéi gefall. Trotz senger Blessur konnt hien zesumme mat sengen Teamkolleegen a Spuenien reesen. Do sollt hie mat senger Ekipp Nu Colombia beim Tour duerch Asturien matfueren.
A Spuenien ukomm, huet sech den Zoustand vum Muñoz awer séier verschlechtert an an enger Klinik zu Oviedo gouf eng eescht Infektioun festgestallt. Trotz Operatioun konnt een näischt méi fir de Profi-Coureur maachen. Seng Ekipp huet sech doropshin aus dem Tour duerch Asturien zréck gezunn.
De Cristian Camilo Muñoz war tëscht 2019 an 2021 Coequipier vum Tadej Pogacar bei UAE Team Emirates.