Flèche du SudThibau Nys wënnt 3. Etapp, Tom Paquet elo 8. am General

RTL Lëtzebuerg
Um drëtten Dag vun der Flèche du Sud stoung d'Kinneksetapp um Programm.
Thibau Nys wënnt 3. Etapp vun der Flèche du Sud
Iwwer 126 Kilometer an 2.600 Héichtemeter goung et e Freideg vu Buerschent op Buerschent.

Iwwer 126 Kilometer an 2.600 Héichtemeter goung et e Freideg vu Buerschent op Buerschent. Et war gewosst, datt den Etappevainqueur och gutt Chancen hätt, sech am Generalklassement un d’Spëtzt ze setzen an dofir gouf mat enger spannender drëtter Etappe gerechent. Ganzer fënnef Mol ass et de schwéiere Buerschenter eropgaangen.

Séier hate sech 4 Coureuren un d’Spëtzt vun der Course gesat. Schlussendlech hat de Belsch Thibau Nys déi stäerkste Been an ass als éischten iwwert de wäisse Stréch gefuer. Hien tauscht domat den Trikot vum beschte Jonke géint de Leader Maillot. Zweete gouf den Thomas Bonnet an de Moran Vermeulen ass als Drëtten ukomm.

Den Nys huet am General elo e Virsprong vun 2 Sekonnen op de Bonnet an de Vermeulen.

Aus Lëtzebuerger Siicht waren et den Tom Paquet an den Arthur Kluckers, déi sech mat vir bäi gewisen hunn. Den Tom Paquet konnt sech op en Neits als beschte Lëtzebuerger placéieren, dat als 11. op 17 Sekonnen, an huet eng Plaz gutt gemaach am General op elo déi 8. Plaz. Den Arthur Kluckers gouf bei drëtter Etapp den 19 op 27 Sekonnen. Am General ass hien elo och den 19. op 27 Sekonnen.

D’Klassement vun der Etapp

1. NYS Thibau BEL 3h15'55'’
2. BONNET Thomas FRA 00:02
3. VERMEULEN Moran AUT
4. HEMING Mika GER 00:11
5. TUREK Daniel CZE
6. SCHUERMANS Jens BEL 00:13
7. LEMMEN Bart NED
8. VANTHOURENHOUT M. BEL 00:16
9. DEVINS Matthew IRL
10. WEULINK Meindert NED
11. PAQUET Tom LUX 00:17
...
19. KLUCKERS Arthur LUX 00:24
26. CENTRONE Ivan LUX 00:51

De General

1. NYS Thibau BEL 366 km an 8h39'22'’
2. BONNET Thomas FRA 00:02
3. HEMING Mika GER 00:11
4. SCHUERMANS Jens BEL 00:13
5. WEULINK Meindert NED 00:16
6. VANTHOURENHOUT M. BEL
7. BOUTS Jordy BEL 00:17
8. PAQUET Tom LUX
9. REISSIG Patrick GER
10. PETER Jannis GER
...
19. KLUCKERS Arthur LUX 00:47
23. CENTRONE Ivan LUX 01:14

Back to Top
CIM LOGO