
Nodeems virun der 6. Etapp am ganze 25 Coureure wéinst enger Corona-Erkrankung hu mussen opginn - ënnert hinnen och de Féierenden am Generalklassement Aleksander Vlasov -, war et um Samschdeg e Kampf géint d’Hëtzt fir de Rescht vum Peloton.
Den Ion Izagirre hat sech aus enger Echappée eraus 10 Kilometer virun der Arrivée aus där ofgesat, gouf op de leschten zwee Kilometer vum Fransous Thibaut Pinot agefaangen. De Pinot huet déi lescht Kilometer eleng zeréckgeluecht a gewënnt no enger staarker Leeschtung zu Malbun. Dem Spuenier ass d’Kraaft ausgaangen a gouf nach vu villen anere Coureuren iwwerholl. Als Zweete klasséiert sech de Oscar Rodriguez an de Kasach Alexey Lutsenko komplettéiert de Podium.
De Peloton mat de Favoritte Fuglsang, Higuita an Thomas hat e Retard vun knapp zwou Minutten op de Gewënner. De Jakob Fuglsang, deen als Leader op d’Etapp goung, koum als 7. an d’Zil, muss den Trikot awer un de Sergio Higuita ofginn, well deen 30 Sekonne virun him iwwert de Stréch gefuer ass.
De Bob Jungels war laang Zäit am Grupp vun de Favoritten dobäi, mee huet op de leschte Kilometer musse lass loossen a kënnt mat engem Retard vun 2'24'’ op de Gewënner als 11. un. Am Generalklassement ass déi aacht Plaz fir de Lëtzebuerger virun der leschter Etapp um Sonndeg. Hei geet et am Zäitfueren iwwer 26 km duerch Vaduz, d’Haaptstad vu Liechtenstein.
1 PINOT Thibaut 5:06:39
2 RODRÍGUEZ Óscar 0:25
3 LUTSENKO Alexey 0:38
4 HIGUITA Sergio 1:19
5 THOMAS Geraint 1:30
6 PRODHOMME Nicolas 1:40
7 FUGLSANG Jakob 1:48
8 POZZOVIVO Domenico 1:59
9 REICHENBACH Sébastien 2:09
10 POWLESS Neilson 2:19
11 JUNGELS Bob 2:24
1 HIGUITA Sergio 32:38:38
2 THOMAS Geraint 0:02
3 FUGLSANG Jakob 0:19
4 POWLESS Neilson 1:16
5 POZZOVIVO Domenico 1:37
6 REICHENBACH Sébastien 2:09
7 KÜNG Stefan 2:19
8 JUNGELS Bob 2:31
9 GROßSCHARTNER Felix 2:47
10 LEKNESSUND Andreas 2:59