Paris-Nice 6. EtappTiesj Benoot wënnt, Bob Jungels staarke 4.

RTL Lëtzebuerg
E Freideg ass et iwwer 161 Kilometer vu Sorgues op Apt gaangen. Am General bleift de Maximilian Schachmann a Féierung.
Cyclissem Video News
E Freideg ass et iwwer 161 Kilometer vu Sorgues op Apt gaangen. Am General bleift de Maximilian Schachmann a Féierung.

Op der 6. Etapp vu Paris-Nice gouf et no 161 Kilometer eng Victoire vum Belsch Tiesj Benoot. Hien huet sech mat enger Avance vun 22 Sekonne virum Michael Matthews aus Australien an dem Kolumbianer Sergio Higuita.

De Bob Jungels ass als 4. op 23 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer. Den Alex Kirsch gëtt den 80. op 20 Minutten an 58 Sekonnen. De Jempy Drucker huet opginn.

Am General bleift de Maximilian Schachmann a Féierung. Den Däitschen huet e Virsprong vun 18 Sekonnen op den Tiesj Benoot. De Bob Jungels ass de 17. op 4 Minutten an 42 Sekonnen. An den Alex Kirsch ass den 83. op 43 Minutten an 9 Sekonnen.

E Samschdeg gëtt déi lescht Etapp vu Paris-Nice gefuer. D’Organisateuren haten e Freideg decidéiert, datt d’Etapp vun e Sonndeg net géing gefuer ginn.

Top 10 vun der Etapp

1 TIESJ BENOOT (TEAM SUNWEB) 03H 57' 02'’
2 MICHAEL MATTHEWS (TEAM SUNWEB) + 00H 00' 22'’
3 SERGIO ANDRES HIGUITA GARCIA (EF PRO CYCLING) + 00H 00' 22'’
4 BOB JUNGELS (DECEUNINCK - QUICK - STEP) + 00H 00' 23'’
5 JULIAN ALAPHILIPPE (DECEUNINCK - QUICK - STEP) + 00H 00' 23'’
6 VINCENZO NIBALI (TREK - SEGAFREDO) + 00H 00' 26'’
7 THIBAUT PINOT (GROUPAMA - FDJ) + 00H 00' 29'’
8 GUILLAUME MARTIN (COFIDIS) + 00H 00' 29'’
9 RUDY MOLARD (GROUPAMA - FDJ) + 00H 00' 29'’
10 NAIRO QUINTANA (TEAM ARKEA - SAMSIC) + 00H 00' 29'’

General

1 MAXIMILIAN SCHACHMANNBORA - HANSGROHE22H 46' 24'’
2 TIESJ BENOOTTEAM SUNWEB + 00H 00' 36'’
3 SERGIO ANDRES HIGUITA GARCIAEF PRO CYCLING + 00H 01' 01'’
4 FELIX GROSSSCHARTNERBORA - HANSGROHE + 00H 01' 01'’
5 MICHAEL MATTHEWSTEAM SUNWEB + 00H 01' 10'’
6 VINCENZO NIBALITREK - SEGAFREDO + 00H 01' 18'’
7 RUDY MOLARDGROUPAMA - FDJ + 00H 01' 29'’
8 THIBAUT PINOTGROUPAMA - FDJ + 00H 01' 30'’
9 TANEL KANGERTEF PRO CYCLING + 00H 01' 52'’
10 JULIAN ALAPHILIPPEDECEUNINCK - QUICK - STEP + 00H 02' 04'’

Back to Top
CIM LOGO