
E Freideg war déi 19. Editioun vun der Bredene Koksijde Classic. Iwwer 200 Kilometer ass et vu Bredene op Koksijde gaangen. Um Enn ass d’Decisioun am Sprint gefall. Hei hat de Belsch Tim Merlier (Alpecin-Fenix) déi séierste Been. Hien huet sech virum Dän Mads Pedersen (Trek-Segafredo) an dem Fransous Florian Sénéchal (Deceuninck - Quick Step) behaapt.
Mam Alex Kirsch an dem Tom Wirtgen waren och zwee Lëtzebuerger um Depart. De Kirsch ass um Enn den 28. op véier Minutten an 19 Sekonne ginn. Fir de Wirtgen ass et déi 89. Plaz op fënnef Minutten a 54 Sekonnen.
1 MERLIER Tim Alpecin-Fenix 4:13:43
2 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo ,,
3 SÉNÉCHAL Florian Deceuninck - Quick Step ,,
4 VAN ASBROECK Tom Israel Start-Up Nation ,,
5 GROSU Eduard-Michael DELKO ,,
6 ANIOŁKOWSKI Stanisław Bingoal - Wallonie Bruxelles ,,
7 WALSCHEID Max Team Qhubeka ASSOS ,,
8 WELTEN Bram Team Arkéa Samsic ,,
9 POLITT Nils BORA - hansgrohe ,,
10 LEMOINE Cyril B&B Hotels p/b KTM ,,