Tour of AntalyaTim Merlier wënnt déi 4. Etapp zu Antalya

RTL Lëtzebuerg
De Luc Wirtgen an den Arthur Kluckers kommen am Massesprint als 35. an als 42. an d'Arrivée.
© Roland Miny (Archivfoto)

Op der leschter Etapp ass et fir d’Coureuren iwwer 136,8 Kilometer vu Side op Anatalya gaangen. Mam Arthur Kluckers a mam Luc Wirtgen waren och zwee Lëtzebuerger mat dobäi.

Beim Tour of Antalya an der Tierkei ass et zum Ofschloss e Massesprint ginn, an deem de Belsch Tim Merlier d’Nues vir hat. De Coureur vun der Ekipp Alpecin - Fenix huet sech op der Arrivée virum Filippo Fortin aus Italien an dem Lucas Carstensen aus Däitschland behaapt. De Luc Wirtgen ass op déi 35. Plaz komm an den Arthur Kluckers ass 42. ginn, béid Lëtzebuerger Coureuren waren am Massesprint dobäi.

Am General wënnt zum Schluss de Maximilian Stedman aus Groussbritannien mat just enger Sekonn Virsprong op de Kenneth Van Rooy aus der Belsch. Drëtte gëtt den Italiener Alessandro Fancellu mat engem Retard vu 4 Sekonnen.
Als beschte Lëtzebuerger kënnt de Luc Wirtgen mat engem Réckstand vun 10 Sekonnen op déi 11. Plaz an den Arthur Kluckers gëtt 22. mat engem Retard vu 36 Sekonnen.

D’Top10

1 Tim Merlier (Bel) Alpecin - Fenix 2:57:31
2 Filippo Fortin (Ita) Team Felbermayr Simplon Wels 0:00:00
3 Lucas Carstensen (GER) Bike Aid 0:00:00
4 Gianni Vermeersch (Bel) Alpecin - Fenix 0:00:00
5 Andrea Guardini (Ita) Giotti Victoria 0:00:00
6 Giovanni Lonardi (Ita) Bardiani CSF Faizanè 0:00:00
7 Itamar Einhorn (Isr) Israel Start-Up Nation 0:00:00
8 Andrew Tennant (GBr) Canyon dhb p/b Soreen 0:00:00
9 Aaron Grosser (GER) Bike Aid 0:00:00
10 André Luijk (Ned) À Bloc CT 0:00:00

35 Luc Wirtgen (Lux) Wallonie Bruxelles 0:00:00

42 Arthur Kluckers (Lux) Leopard Pro Cycling 0:00:00

De General

Back to Top
CIM LOGO