FlorenzTour de France geet 2024 eng éischte Kéier an Italien lass

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch gouf et vum Organisateur ASO éischt Detailer vum Tour de France 2024.

Fir déi drëtte Kéier hannertenee soll déi bekanntste Course am Vëlossport deemno net a Frankräich lassgoen. Dëst Joer war et am dänesche Kopenhagen, 2023 start d’Course vu Bilbao a Spuenien aus.

2024 fueren d’Coureuren dann den 29. Juni zu Florenz an Italien lass. Vun do aus geet et dann an der éischter Etapp op Rimini.

Och fir d’Finall vum Tour gëtt et eng Ännerung. Well de 26. Juli 2024 an der franséischer Haaptstad d’Olympesch Summerspiller lassginn, kënnt den Tour de France dat Joer net wéi gewinnt zu Paräis un, mee zu Nice. Depart fir d’Schlussetapp ass den 21. Juli zu Monaco.

Back to Top
CIM LOGO