ReutersTour de France kéint un d'Enn vum Summer verluecht ginn

RTL Lëtzebuerg
Am Cyclissem lafen den Ament Rumeuren, datt den Tour de France kéint un d'Enn vum Summer verluecht ginn, dat mellt d'Noriichtenagence Reuters.

Offiziell heescht et bis ewell just, datt d’Organisateure vun der Grande Boucle sech wëlle bis de 15. Mee Zäit ginn, fir ze kucken, wéi dann d’Situatioun ass an ob et realistesch wier, den Tour de France ze fueren.

Eigentlech ass den Depart vun der gréisster Vëloscourse vun der Welt fir de 27. Juni zu Nice geplangt.

Back to Top
CIM LOGO