Tour de FranceUm Donneschdeg den Owend war d'Ekippepresentatioun zu Bilbao

Tom Flammang
Mam Alex Kirsch, Bob Jungels a Kevin Geniets sinn dëst Joer jo 3 Lëtzebuerger Cyclisten um Depart vun der Grande Boucle.
Tour de France: Um Donneschdeg den Owend war d'Ekippepresentatioun zu Bilbao
Mam Alex Kirsch, Bob Jungels a Kevin Geniets sinn dëst Joer jo 3 Lëtzebuerger Cyclisten um Depart vun der Grande Boucle.

Um 19.07 Auer ass den Alex Kirsch zesumme mat deenen anere Coureuren aus senger Ekipp op d’Bün komm. Fir Lidl - Trek, wéi d’Ekipp neierdéngs heescht, stinn 3 national Championen um Depart. Nieft dem Alex Kirsch sinn dat nach den Amerikaner Quinn Simmons am den Dän Mattias Skjelmose. Den 22 Joer jonke Vainqueur vum Tour de Luxembourg vum leschte Joer test sech eng éischte Kéier am Generalklassement vun der Grande Boucle. Fir Etappevictoirë soll ënner anerem de de Sprinter Mads Pedersen suergen.

Um 19.34 Auer war et un der Réi vu Bora hansgrohe. De Bob Jungels, deen d’lescht Joer eng Etapp am Tour konnt gewannen, soll sech em de jonken Australier Jai Hindley këmmeren. Den Hindley hat d’lescht Joer den Giro d’Italia gewonnen a gëllt hannert Pogacar a Vingegard als Kandidat fir de Podium.

No Bora hansgrohe war et u Groupama - FDJ. D’franséisch Ekipp ronderëm de franséische Champion Madouas ass op den David Gaudu ausgeriicht. Den Tour 4te vum leschte Joer huet sech zesumme mam Kevin Geniets an der Héicht preparéiert a kann op eng staark Ekipp zielen. De Kevin Geniets fiert säin 2ten Tour de France a gehéiert mat 26 Joer zu deene wichtege Coureuren an der Formatioun vum Marc Madiot.

Tour de France: Livestream Programm

Mir iwwerdroen d’Etappen op RTL.lu an um RTL Play
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen

Samschdeg, 1. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
1. Etapp - hiwweleg Etapp - Bilbao > Bilbao, 182 km

Sonndeg, 2. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
2. Etapp - hiwweleg Etapp - Vitoria-Gasteiz > Saint-Sébastien, 209 km

Méindeg, 3. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
3. Etapp - flaach Etapp - Amorebieta-Etxano > Bayonne, 187.4 km

Dënschdeg, 4. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
4. Etapp - flaach Etapp - Dax > Nogaro, 182 km

Mëttwoch, 5. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
5. Etapp - Biergetapp - Pau > Laruns, 163 km

Donneschdeg, 6. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
6. Etapp - Biergetapp - Tarbes > Cauterets-Cambasque, 145 km

Freideg, 7. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
7. Etapp - flaach Etapp - Mont-de-Marsan > Bordeaux, 170 km

Samschdeg, 8. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
8. Etapp - hiwweleg Etapp - Libourne > Limoges, 201 km

Sonndeg, 9. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
9. Etapp - Biergetapp - Saint-Léonard-de-Noblat > Puy de Dôme, 182.5 km

Méindeg, 10. Juli
Roudag -
Clermont-Ferrand

Dënschdeg, 11. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
10. Etapp - hiwweleg Etapp - Vulcania > Issoire, 167.5 km

Mëttwoch, 12. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
11. Etapp - flaach Etapp - Clermont-Ferrand > Moulins, 180 km

Donneschdeg, 13. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
12. Etapp - hiwweleg Etapp - Roanne > Belleville-en-Beaujolais, 169 km

Freideg, 14. Juli vu 15:10 - 18:00 Auer:
13. Etapp - Biergetapp - Châtillon-sur-Chalaronne > Grand Colombier, 138 km

Samschdeg, 15. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
14. Etapp - Biergetapp - Annemasse > Morzine Les Portes du Soleil, 152 km

Sonndeg, 16. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
15. Etapp - Biergetapp - Les Gets les portes du soleil > Saint-Gervais Mont-Blanc, 179 km

Méindeg, 17. Juli
Roudag -
Saint-Gervais Mont-Blanc

Dënschdeg, 18. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
16. Etapp - Zäitfueren - Passy > Combloux, 22.4 km

Mëttwoch, 19. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
17. Etapp - Biergetapp - Saint-Gervais Mont-Blanc > Courchevel, 166 km

Donneschdeg, 20. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
18. Etapp - hiwweleg Etapp - Moûtiers > Bourg-en-Bresse, 185 km

Freideg, 21. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
19. Etapp - flaach Etapp - Moirans-en-Montagne > Poligny, 173 km

Samschdeg, 22. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
20. Etapp - Biergetapp - Belfort > Le Markstein Fellering, 133.5 km

Sonndeg, 23. Juli vun 18:00 - 20:30 Auer:
21. Etapp - flaach Etapp - Saint-Quentin-en-Yvelines > Paris Champs-Élysées, 115.5 km

Back to Top
CIM LOGO