
Deem Training huet d’Corona-Pandemie awer e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Ganz ouni Training wëll den Italiener seng Deeg a Quarantän awer net verbréngen. Dowéinst huet hie sech kuerzer Hand entscheet, en neie beruffleche Wee anzeschloen - natierlech just fir eng begrenzten Zäit.
Den Ament verdéngt hie säi Geld mat Liwwerdéngscht. Anescht wéi op ville Plazen ass hien awer net mam Scooter oder Auto ënnerwee, mä mam Vëlo.
Op dës Manéier leet hie pro Dag 50 bis 60 Kilometer zeréck, dat entsprécht ronn 20 bis 30 Commanden, déi Leit bestallt hunn. Mat Bléck op d’Kilometer ass dat ongeféier d’Hallschecht vun der Streck, déi hie bei enger Giro-Etapp zeréckgeluecht hätt.
Wéi et vum Umberto heescht, kéinten d’Liwwerstrecken net mat engem normalen Training mathalen, awer et ass eng gutt Alternativ, fir sech a Corona-Zäite fit ze halen an de Kierper esou gutt et geet ze trainéieren.
