Fir de gudden ZweckUphill Challenge zu Hueschtert

Tom Hoffmann
E Sonndeg hat de Kim Kirchen fir 4. Kéier op Hueschtert agelueden, fir do fir de gudden Zweck an d'Pedallen ze drécken.
Uphill Challenge fir de gudden Zweck
E Sonndeg hat de Kim Kirchen fir 4. Kéier op Hueschtert agelueden, fir do fir de gudden Zweck an d’Pedallen ze drécken.

De Circuit bei der Uphill Challenge ass ronn 1 Kilometer laang. Dat ass net wäit, mä d’Schwieregkeet bei dëser Challenge ass, wéi den Numm et seet, de Biergop. Eng Montée vun 30 Meter mat enger Steigung vu maximal 14,5 Prozent ass et eropgaangen, d’Charly’s Gare zu Hueschtert.

Während dräi Stonnen ass et drëm gaangen, fir de Bierg esou dacks wéi méiglech erop ze fueren. Dofir gëtt och d’Zäit gemooss. Elektrovëloe si keng erlaabt, mä dofir Vintage- oder Retro-Vëloen.

Natierlech steet och dës Challenge, wéi all Joers, am Zeeche vum gudden Zweck. Dëst Joer gëtt den Don u Médecin du monde.

Back to Top
CIM LOGO