Giro d'Italia: 10. EtappValentin Paret-Peintre wënnt en solitaire

RTL Lëtzebuerg
Nom Roudag um Méindeg goung et en Dënschdeg op der 10. Etapp vum Giro d'Italia iwwer 142 Kilometer vu Pompei op Bocca della Selva.
© AFP

D’Arrivée war uewenaus op engem Bierg vun der 1. Kategorie an do konnt sech de Valentin Paret-Peintre aus enger Echappée eraus en solitaire duerchsetzen. De Fransous gewënnt mat 30 Sekonnen Avance op säi Landsmann Romain Bardet. Drëtte gëtt de Jan Tratnik op 1 Minutt. De Grupp mat de Favoritten hat e Retard vun 3 Minutten a 14 Sekonnen. De Michel Ries ass als 32. mat engem Réckstand vu 4 Minutten a 35 Sekonnen iwwer de wäisse Stréch gefuer.

Am General läit weiderhin den Tadej Pogacar souverän op der éischter Plaz. Den Daniel Felipe Martinez ass den Zweeten op 2 Minutten a 40 Sekonnen an den Geraint Thomas den Drëtten op 2 Minutten an 58 Sekonnen. Hei läit de Michel Ries elo op der 26. Plaz, dat op 26 Minutten an 9 Sekonnen.

D’Klassement vun der 10. Etapp

1 PARET-PEINTRE Valentin Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:43:50
2 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL 0:30
3 TRATNIK Jan Team Visma | Lease a Bike 1:00
4 BAGIOLI Andrea Lidl - Trek 1:17
5 PARET-PEINTRE Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team 1:24
6 GESCHKE Simon Cofidis ,,
7 ZANA Filippo Team Jayco AlUla ,,
8 POZZOVIVO Domenico VF Group - Bardiani CSF - Faizanè ,,
9 CONCI Nicola Alpecin - Deceuninck 1:41
10 CHAVES Esteban EF Education - EasyPost 1:56

D’Generalklassement

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 36:48:08
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe 2:40
3 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 2:58
4 O’CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:39
5 UIJTDEBROEKS Cian Team Visma | Lease a Bike 4:15
6 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 4:27
7 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL 4:57
8 FORTUNATO Lorenzo Astana Qazaqstan Team 5:19
9 ZANA Filippo Team Jayco AlUla 5:23
10 RUBIO Einer Movistar Team 5:28

Back to Top
CIM LOGO