Tirreno-Adriatico: 3. EtappVan Aert bleift Leader, Van der Poel wënnt Etapp, gutt Leeschtung vum Geniets

RTL Lëtzebuerg
Am Sprint konnt sech de Van der Poel virum Leader a virum Italiener Davide Ballerini duerchsetzen.

219 Kilometer hunn d’Coureure vun Monticiano op Gualdo Tadino missten hannert sech bréngen. E Sprint sollt d’Etappevictoire decidéieren an hei hat den Hollänner Mathieu Van der Poel déi beschte Been. Mat der selwechter Zäit wéi de Gewënner fiert de Kevin Geniets als 14. iwwert d’Arrivée. 20 Sekonne Retard hat de Jempy Drucker als 59.

Am Generalklassement bleift den Van Aert weider un der Spëtzt, mat 4 Sekonnen Avance op de Van der Poel an 10 op de Alaphilippe. De Kevin Geniets klëmmt 30 Plazen a läit elo op der 121. Plaz mat engem Retard vu 15 Minutten an 21 Sekonnen. De Jempy Drucker ass den 136 op 17 Minutten an 42 Sekonnen.

D’Top 10 vun der Etapp

1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix 5:24:18
2 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma ,,
3 BALLERINI Davide Deceuninck - Quick Step ,,
4 HIGUITA Sergio EF Education - Nippo ,,
5 VAN AVERMAET Greg AG2R Citroën Team ,,
6 DE BUYST Jasper Lotto Soudal ,,
7 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team ,,
8 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates ,,
9 SERRANO Gonzalo Movistar Team,,
10 HOFSTETTER Hugo Israel Start-Up Nation ,,

De General

1 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma 14:01:47
2 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix +0:04
3 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step +0:10
4 LANDA Mikel Bahrain - Victorious +0:19
5 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates +0:20
6 STANNARD Robert Team BikeExchange ,,
7 ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step ,,
8 HIGUITA Sergio EF Education - Nippo ,,
9 DE BUYST Jasper Lotto Soudal ,,
10 KONRAD Patrick BORA - hansgrohe ,,

Back to Top
CIM LOGO