Tour de France: 7. EtappVan Aert wënnt am Sprint, Yates bleift Leader

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 168 Kilometer goung et e Freideg vu Millau op Lavaur. D'Coureuren hunn 3 Koppen, 2 Mol drëtt an eng Kéier véiert Kategorie, missten iwwerwannen.

En héijen Tempo am Peloton vu Bora huet dofir gesuergt, datt net wierklech eng Echappée fort koum, ma och nach dofir, datt vill Coureure scho fréi den Uschloss un de Peloton verluer hunn. Dorënner vill Leit, déi u sech ëm de grénge Maillot géife matsprinten an och de Bob Jungels huet misste lassloossen. Virun der leschter Kopp huet den De Gendt eleng attackéiert a konnt sech laang virum nach just klengen Haaptpeloton halen. Hie sollt awer ëm déi 35 Kilometer virun der Arrivée agefaange ginn, duerch den héijen Tempo hannendrun. Och Leit, déi aktuell wäit vir am Generalklassement sinn, haten den Uschloss un de Spëtzepeloton verluer.

Déi beschte Been hat zum Schluss de Wout Van Aert, dee sech am Sprint behaapte konnt, den Adam Yates konnt säi Maillot verdeedegen an de Bob Jungels ass mat engem Retard vu bal 15 Minutten iwwert d’Arrivée gefuer. De Peter Sagan, deem seng Ekipp Ufank fir vill Tempo gesuergt huet, konnt zwar weder den Tëschesprint nach d’Etapp wannen, ass awer elo nees Leader an der Lutte ëm de gréngen Trikot.

De Resumé

De Mann am Maillot vum beschte Biergfuerer Cosnefroy ass direkt beim Start ausgebrach, fir sech op der Côte de Luzencon 2 Punkten ze huelen. Zwee Coureure ware kuerz bei him, konnte säin Tempo awer net matgoen. Am Peloton huet Bora-Hansgrohe richteg fir Tempo gesuergt, esou datt vir d’Echappée net fortkoum, mä och dat hannendrun grad Sprinter, wéi de Caleb Ewan, misste lassloossen. De Cosnefroy konnt sech dann esou just nach déi 2 Punkten huelen, éier hien du komplett vum Peloton agefaange gouf.

Bora huet den Tempo weider héich gehalen esou datt ëmmer méi Leit ewechgefall sinn a sech hannert dem Peloton e puer méi kleng Gruppe forméiert hunn. Ënner hinnen och de Sam Bennett, déi aktuelle gréisste Menace fir de Peter Sagan an der Lutte ëm de Maillot Vert. Vill Sprinter waren dunn net méi dobäi, wéi et op den Tëschesprint vun der Etapp koum. Eenzeg den Trentin konnt hei de Sagan bezwéngen, ma dem Coureur vu Bora-hansgroe ginn déi 17 Punkten duer, fir nees virtuell de Maillot Vert unzedoen.

Nom Sprint koum et op déi zweet Biergwäertung vun der drëtter Kategorie vun dëser Etapp. Hei huet den Thomas de Gendt kuerz virun der Kopp attackéiert an huet sech no der Kopp nach esouguer selwer e bëssen ofgesat. An der Descente huet hie sech eng 24 Sekonnen op de Peloton erausgefuer, dat 75 Kilometer virun der Arrivée. Duerch den Héijen Tempo vum Peloton war eng zweet Grupp mat 38 Leit ronderëm de Maillot Vert Sam Bennett, an där och de Bob Jungels war, ronn 4 Minutten hannert hinnen an eng 40 Leit ronderëm den Caleb Evans esouguer mat bal 8 Minutte Retard.

Bis zu 35 Sekonnen huet den De Gendt erausgefuer, gouf awer knapp 35 Kilometer virun der Arrivée nees agefaangen. 6 Minutten an 38 Sekonnen hat de Grupp ëm de Maillot Vert Retard. 3 Minutten dohannert war d’Grupp ëm den Ewans. An dëser Phas huet Ineos Tempo gemaach an dofir gesuergt, datt och de Grupp vun de Favoritten an zwee gebrach ass. Am zweete Grupp war ënner anerem de Pogacar, aktuelle Maillot Blanc a just 7 Sekonne Retard op de Maillot Jaune Adam Yates. Ma och aner Topcoureuen, wéi Landa, Porte oder Mollema, haten den Uschloss verluer. Esou waren et déi verbleiwend Sprinter am Spëtzegrupp, déi d’Etapp ënnert sech ausgemaach hunn an déi verbleiwend Klassementsfuerer hunn hir Avance op déi aner Coureuren ausgebaut. Déi beschte Been am Sprint hat de Wout van Aert, dee sech domadder eng zweeten Etapp bei dëser Tour de France konnt sécheren.

D’Top10

1. Wout Van Aert TEAM JUMBO - VISMA 03h 32' 03'’
2. Edvald Boasson Hagen NTT PRO CYCLING TEAM + 00' 00"

3. Bryan Coquard B&B HOTELS - VITAL CONCEPT P / B KTM + 00' 00" 4. Christophe Laporte COFIDIS + 00' 00"

5. Jasper Stuyven TREK - SEGAFREDO + 00' 00"

6. Clément Venturini AG2R LA MONDIALE T + 00' 00"

7. Hugo Hofstetter ISRAEL START-UP NATION + 00' 00"

8. Egan Bernal INEOS GRENADIERS + 00' 00"

9. Adam Yates MITCHELTON - SCOTT + 00' 00"

10. Alejandro Valverde MOVISTAR TEAM + 00' 00"

...
97. Bob Jungels DECEUNINCK - QUICK - STEP + 14' 32'’

De General

1. Adam Yates MITCHELTON - SCOTT + 30h 36' 00'’

2. Primož Roglic TEAM JUMBO - VISMA + 00' 03"

3. Guillaume Martin COFIDIS + 00' 09"

4. Egan Bernal INEOS GRENADIERS + 00' 13"

5. Tom Dumoulin TEAM JUMBO - VISMA + 00' 13"

6. Nairo Quintana TEAM ARKEA - SAMSIC + 00' 13"

7. Romain Bardet AG2R LA MONDIALE + 00' 13'’
8. Miguel Angel Lopez ASTANA PRO TEAM + 00' 13'’
9. Thibaut Pinot GROUPAMA - FDJ + 00' 13'’
10. Rigoberto Uran EF PRO CYCLING + 00' 13'’
...
57. Bob Jungels DECEUNINCK - QUICK - STEP + 30' 45'’
https://www.letour.fr/de/mannschaft/EF1/ef-pro-cyclinghttps://www.letour.fr/de/rennfahrer/71/ef-pro-cycling/rigoberto-uran

Back to Top
CIM LOGO