Tour de France: 5. EtappVan Aert wënnt Sprint, Alaphilippe verléiert Maillot Jaune no Zäitstrof u Yates

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch goung et vu Gap op Privas iwwer 183 Kilometer. Mat just zwou Koppe vun der Kategorie 4 dotëscht, war et eng Etapp fir d'Sprinter.

Eng Echappée gouf et net, esou ass de Peloton iwwert de Gros vun den 183 Kilometer zesumme bliwwen. De Lëtzebuerger Bob Jungels huet een dann och ëmmer nees vir am Peloton fonnt, fir fir den Tempo ze suergen.

Wéi de Sprint lancéiert gouf, war de Lëtzebuerger net méi am Peloton dobäi. Hei konnt sech dunn de Wout Van Aert virum Cees Bol an dem Sam Bennett duerchsetzen. De Lëtzebuerger Bob Jungels koum mat engem Retard vun 3 Minutten an 30 Sekonnen iwwert d’Arrivée.

Den Julian Alaphilippe ass wuel mam Peloton ukomm, krut awer eng 20 Sekonne Strof wéinst “Ravitaillement illégal” an de leschten 20 Kilometer. Domadder verléiert de Fransous de giele Maillot an de Britt Adam Yates ass elo neie Leader.

Alaphilippe verléiert Maillot Jaune no Zäitstrof u Yates
E Mëttwoch goung et op der 5. Etapp vu Gap op Privas iwwer 183 Kilometer. Mat just zwou Koppe vun der Kategorie 4 dotëscht, war et eng Etapp fir d’Sprinter.

De Resumé

Déi 5. Etapp ass direkt mat engem héijen Tempo ugefuer ginn, ma och kee vun de Coureuren hat richteg Iddi, haut op dëser Sprinteretapp an d’Echappée ze goen. Verschidde Coureuren oder Gruppen hu sech zwar emol ëmmer nees e puer Meter virum Peloton gewisen, hu sech awer nach séier afänke gelooss. Esou koum de komplette Peloton no 48 Kilometer op den Tëschesprint, wou sech de Sam Bennett déi komplett 20 Punkte konnt sécheren. Domadder deet hien dann och virtuell de grénge Maillot un, well den aktuelle Leader am Klassement, Peter Sagan, krut als 4. just 13 Punkten. Virun der Etapp ware béid Coureure punktgläich.

Am éischten Drëttel vun der Course war et de Bob Jungels, dee vill vir matgeschafft huet, fir den Tempo héich ze halen. Den Tempo ass och weider héich bliwwen an et koum op der ganzer Etapp zu kenger Echappée, déi sech konnt ofsetzen. Eréischt ëm déi 7 Kilometer viru Schluss, wéi den Tempo nach eng Kéier ugezu gouf, ass de Peloton ausernee gebrach. Och de Bob Jungels, dee vill geschafft hat, huet den Uschloss un de Spëtzegrupp verluer.

Ronn 300 Meter virun der Arrivée ass den Tempo du richteg héich ginn, dat mat Sunweb un der Spëtzt. Ma et sollt net de Cees Bol sinn, deen d’Etapp wënnt. De Coureur vu Sunweb huet sech dem Wout Van Aert misste geschloe ginn, de Sam Bennett gouf den Drëtten. Den Ier huet dann och elo an der Lutte ëm de Grénge Maillot mat 123 Punkten d’Nues vir. Zweeten ass hei de Peter Sagan mat 114 Punkten, den Alexander Kristoff ass mat 93 Punkten den Drëtten.

Den Julian Alaphilippe ass wuel mam Peloton ukomm, krut awer eng 20 Sekonne Strof wéinst “Ravitaillement illégal” an de leschten 20 Kilometer. Domadder verléiert de Fransous de giele Maillot an de Britt Adam Yates ass elo neie Leader.

20 Sekonne Strof fir Alaphilippe
Well den Teamkolleeg vum Bob Jungels 17 Kilometer virun der Arrivée en neie Bidon siche war, krut hien eng Strof vun 20 Sekonnen.

De Lëtzebuerger Bob Jungels koum mat engem Retard vun 3 Minutten an 30 Sekonnen als 109. iwwert d’Arrivée.

D’Top10

1. Wout Van Aert TEAM JUMBO - VISMA 04h 21' 22"

2. Cees Bol TEAM SUNWEB + 00' 00"

3. Sam Bennett DECEUNINCK - QUICK - STEP + 00' 00"

4. Peter Sagan BORA - HANSGROHE + 00' 00"

5. Jasper Stuyven TREK - SEGAFREDO + 00' 00"

6. Luka Mezgec MITCHELTON - SCOTT + 00' 00"

7. Bryan Coquard B&B HOTELS - VITAL CONCEPT P / B KTM + 00' 00"

8. Caleb Ewan LOTTO SOUDAL + 00' 00"

9. Clément Venturini AG2R LA MONDIALE + 00' 00"

10. Hugo Hofstetter ISRAEL START-UP NATION + 00' 00"

...
109. Bob Jungels DECEUNINCK - QUICK - STEP + 03' 29"

De General

1. Adam Yates MITCHELTON - SCOTT + 22h 28' 30'’

2. Primož Roglic TEAM JUMBO - VISMA + 00' 03"

3. Tadej Pogacar UAE TEAM EMIRATES + 00' 07"

4. Guillaume Martin COFIDIS + 00' 09"

5. Egan Bernal INEOS GRENADIERS + 00' 13"

6. Tom Dumoulin TEAM JUMBO - VISMA + 00' 13"

7. Nairo Quintana TEAM ARKEA - SAMSIC + 00' 13"

8. Esteban Chaves MITCHELTON - SCOTT + 00' 13"

9. Miguel Angel Lopez ASTANA PRO TEAM + 00' 13"
10. Romain Bardet AG2R LA MONDIALE + 00' 13'’
...
16. Julian Alaphilippe DECEUNINCK - QUICK - STEP + 00' 16"

...
58. Bob Jungels DECEUNINCK - QUICK - STEP + 15' 58"

Back to Top
CIM LOGO