Tour of BritainVan der Poel wënnt 7. Etapp a baut Féierung am General aus

RTL Lëtzebuerg
De Ben Gastauer ass e Freideg als 33. op 25 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch gefuer.
© AFP

Op der 7. Etapp am Tour of Britain ass et e Freideg iwwer 188,7 Kilometer vu Warwick an de Burton Dassett Country Park gaangen. Um Enn konnt sech de Mathieu Van der Poel mat engem Virsprong vun enger Sekonn op den Italiener Matteo Trentin duerchsetzen. Op déi drëtte Plaz ass den Australier Simon Clarke gefuer.

Duerch seng Victoire huet de Van der Poel am General elo e Virsprong vun 12 Sekonnen op den Trentin.

De Ben Gastauer ass e Freideg als 35. op 25 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer an ass elo den 39. op 9 Minutten an 12 Sekonnen.

D’Top10 vun der 7. Etapp

1 Mathieu Van Der Poel (Ned) Corendon - Circus 4:07:49
2 Matteo Trentin (Ita) Mitchelton - Scott 0:00:01
3 Simon Clarke (Aus) EF Education First 0:00:03
4 Davide Cimolai (Ita) Israel Cycling Academy 0:00:03
5 Tiesj Benoot (Bel) Lotto Soudal 0:00:03
6 Jasper De Buyst (Bel) Lotto Soudal 0:00:03
7 Gianni Moscon (Ita) Team Ineos 0:00:05
8 Xandro Meurisse (Bel) Wanty - Gobert Cycling Team 0:00:05
9 Thomas Sprengers (Bel) Sport Vlaanderen - Baloise 0:00:05
10 Amund Grøndahl Jansen (Nor) Team Jumbo - Visma 0:00:05

De General

1 Mathieu Van Der Poel (Ned) Corendon - Circus 25:58:25
2 Matteo Trentin (Ita) Mitchelton - Scott 0:00:12
3 Jasper De Buyst (Bel) Lotto Soudal 0:00:40
4 Pavel Sivakov (Rus) Team Ineos 0:00:42
5 Nils Politt (GER) Team Katusha Alpecin 0:00:51
6 Gianni Moscon (Ita) Team Ineos 0:00:51
7 Mike Teunissen (Ned) Team Jumbo - Visma 0:00:53
8 Andrey Amador (CRc) Movistar Team 0:00:57
9 Tiesj Benoot (Bel) Lotto Soudal 0:00:57
10 Amund Grøndahl Jansen (Nor) Team Jumbo - Visma 0:00:58

Back to Top
CIM LOGO