Cyclocross-WeltcupVan der Poel wënnt zu Zolder, net de beschten Dag fir d'Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
Zu Zolder an der Belsch gouf en Donneschdeg eng weider Manche vum Cyclocross-Weltcup gefuer. Et waren eng Partie Lëtzebuerger dobäi.
© AFP

Hären

Bei den Häre gouf et eng Victoire vum Mathieu van der Poel. Den Hollänner war op en Neits dee Stäerksten a wënnt um Enn mat 6 Sekonnen Avance op de Belsch Laurens Sweeck. Déi drëtte Plaz goung un de Quinten Hermans och aus der Belsch. Aus Lëtzebuerger Siicht war de Lex Reichling mat um Depart. De Lëtzebuerger, deen dës Saison schonns 4 Crossen zu Lëtzebuerg wanne konnt, ass op déi 60. Plaz komm.

Dammen

D’Lucinda Brand aus Holland war en Donneschdeg am Séiersten. Si hat um Enn eng knapp Avance vun enger Sekonn op hir Landsfra Ceylin del Carmen Alvarado an 13 Sekonnen op d’Annemarie Worst. D’Christine Majerus ass aus gesondheetleche Grënn net un den Depart gaangen. Mam Marie Schreiber a Laetitia Maus waren nawell zwou Dammen um Depart. Si kommen op d’Plazen 58, respektiv 77.

Espoiren

50 Minutten a 5 Sekonnen huet de Kevin Kuhn aus der Schwäiz gebraucht, fir d’Course ze gewannen. Domadder war hie 5 Sekonne méi séier, wéi den Antoine Benoist (FRA), Loris Rouiller (SUI) an den Niels Vandeputte (BEL). De Lëtzebuerger Raphael Kockelmann hat et net an d’Top 10 gepackt a koum op d’Plaz 50.

Junioren

De Belsch Thibau Nys war mat 44 Minutten an 32 Sekonne just 2 Sekonne méi séier, wéi den Lillo Dario aus der Schwäiz. 8 Sekonnen dono koum de Belsch Lennert Belmans iwwert d’Linn.

Fir Lëtzebuerg waren den Alexandre Kess, Tom Paquet, Jo Schmitz, Noé Ury, Arno Wallenborn, Mats Wenzel a Mika Lamesch um Depart.

Den Tom Paquet koum als beschte Lëtzebuerger op d’Plaz 41 mat engem Retard vun 3 Minutten an 19 Sekonnen. Den Noe Ury, gëtt den 52. op 4 Minutten a 40 Sekonnen, den Arno Wallenborn kënnt op d’Plaz 58, den Alexandre Kess fiert als 60. iwwer de wäisse Stréch an de Jo Schmitz kënnt als 62. an d’Zil. De Mats Wenzel ass net bis an d’Zil komm.

Back to Top
CIM LOGO