
D’Decisioun ëm d’Victoire sollt op der éischter Etapp am Sprint tëscht zwou Fuererinne falen. Am Verlaf vun der Course hate sech déi Belsch Vanpachtenbeke souwéi d’US-Amerikanerin Edwards duerch d’Bascht gemaach. Am Sprint sollt awer d’Vanpachtenbeke de längeren Otem hunn, déi sech domadder déi éischte Victoire an dëser Randonnée séchere konnt. Op der drëtter Plaz ass doriwwer eraus d’Riedmann aus Däitschland iwwert de wäisse Stréch gefuer.
Iwwerdeems gi mat Majerus, Schreiber a Berton dräi Lëtzebuergerinnen an Däitschland un den Depart. Dës sinn en Dënschdeg alleguer mam Peloton mat engem Retard vun 2 Minutten a 34 Sekonnen op d’Gewënnerin iwwert d’Zillinn gefuer.
General1 VANPACHTENBEKE Margot 3:05:11