
Den Niki Terpstra ass en Dënschdeg wärend dem Training um Däich tëscht de Stied Enkhuizen a Lelystad uerg gefall. De 36 Joer alen Hollänner huet sech dobäi schwéier blesséiert. Hollännesche Medien no ass seng Long kollabéiert, donieft huet hie sech e puer Rëpper an och d’Schlësselbeen gebrach a sech eng Gehirnerschütterung zougezunn.
“Den Niki ass haut beim Training schwéier gefall. E läit an der Klinick a muss do nach e puer Deeg bleiwen. Hien ass ausser Liewensgefor, ma hie wäert laang fir seng Reconvalescence brauchen”, sou dem Vëlosprofi seng Fra op Instagram.