De 27 Joer ale kasachesche Champion konnt am Col de la Lusette seng Begleeder aus dem Spëtzegrupp stoe loossen, fir sech um Enn d’Victoire zu Mont Aigoual ze sécheren, dat virum Jesus Herrada an dem Greg van Avermaet. Aus dem Peloton eraus ass de Julian Alaphilippe als Éischten iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer. De Bob Jungels gouf den 48. op 3 Minutten an 12 Sekonnen.
Am General bleift den Adam Yates de Leader, dat mat 3 Sekonnen Avance op de Primoz Roglic a 7 Sekonnen op den Tadej Pogacar. De Bob Jungels ass de 46. op 16 Minutten an 13 Sekonnen.
Direkt nom Depart konnt sech ee staarke Spëtzegrupp forméieren: Nicolas Roche (Sunweb), Jesus Herrada (Cofidis), Rémi Cavagna (Deceuninck-Quick Step), Greg Van Avermaet (CCC), Neilson Powless (EF), Edvald Boasson Hagen (NTT), Daniel Oss (Bora-Hansgrohe) an Alexey Lutsenko (Astana). Déi 8 Coureuren un der Spëtzt waren net ze ënnerschätzen a kruten eng maximal Avance vu ronn 6 an hallef Minutt.
Am Col de la Lusette, dem drëtte Bierg vum Dag, ass de Spëtzegrupp dunn explodéiert. Ëmmer nees gouf den Tempo forcéiert an esou huet een no deem anere misse lassloossen. An där nämmlechter Montée ass och de Peloton ëmmer méi kleng ginn.
20 Kilometer virun der Arrivée haten déi 5 Leit un der Spëtzt nach bal 3 Minutten Avance op de Peloton, wou den Tempo net all ze héich war. Ineos ass hei un der Spëtzt gefuer, ma si hate wuel wéineg Interêt, d’Leit un der Spëtzt nees anzehuelen, well deenen hir Avance ass nees an d’Luucht gaangen.
Ronn 16,5 Kilometer virun der Arrivée huet dunn am Peleton de Bob Jungels misse lassloossen, genau wéi de kolumbianesche Champions Sergio Higuita.
Den Alexey Lutsenko hat dann am Col de la Lusette all seng fréiere Begleeder stoe gelooss an an ass dann och als Éischten iwwer de Sommet vum Bierg vun der 1. Kategorie gefuer, dat mat enger Avance vun 3 Minutten an 12 Sekonnen.
An der klenger Descente vum Col de la Lusette ass dem Bob Jungels nees den Uschloss un de Peloton gelongen.
Um Enn war de Lutsenko dann och dee Stäerksten a wënnt d’Etapp en solitaire.
1 Alexey Lutsenko 4:32:34
2 Jesús Herrada +0:55
3 Greg Van Avermaet +2:15
4 Neilson Powless +2:17
5 Julian Alaphilippe +2:52
6 Bauke Mollema +2:53
7 Michail Kwiatkowski +2:53
8 Egan Bernal +2:53
9 Richard Carapaz +2:53
10 Adam Yates +2:53
1. Adam Yates 22h 28' 30
2. Primož Roglic + 00' 03
3. Tadej Pogacar + 00' 07
4. Guillaume Martin + 00' 09
5. Egan Bernal + 00' 13
6. Tom Dumoulin + 00' 13
7. Nairo Quintana + 00' 13
8. Esteban Chaves + 00' 13
9. Miguel Angel Lopez + 00' 13
10. Romain Bardet + 00' 13'