
Den Hollänner konnt sech am Sprint virum Olav Kooij an dem Maikel Zijlaard duerchsetzen. Déi éischt 3 Plaze sinn deemno fest an hollännescher Hand.
De Mann am Rosa Trikot, de Mads Pedersen, koum en Dënschdeg op déi 4. Plaz. Am General bleift hien awer virop 7 Sekonne virum Primoz Roglic.
Als beschte Lëtzebuerger kënnt de Kevin Geniets op déi 86. Plaz. De Michel Ries klasséiert sech als 102. Allebéid an der selwechter Zäit wéi de Vainqueur.