Mailand-SanremoVictoire fir de Jasper Stuyven, Kevin Geniets gëtt de 50.

RTL Lëtzebuerg
Op der 112. Editioun vum italienesche Klassiker ass et nees op enger Distanz vun 299 Kilometer vu Mailand op Sanremo gaangen.
© AFP

Op der Arrivée ass et am Massesprint zu villen Attacken aus dem Grupp komm, ma um Enn hat de Jasper Stuyven aus der Belsch d’Nues vir a sou konnt sech de Coureur vun Trek-Segafredo d’Victoire zu Sanremo sécheren. Op déi zweet Plaz ass de Caleb Ewan aus Australien komm, dat virum belsche Coureur Wout van Aert.

Mam Kevin Geniets ass och e Lëtzebuerger un den Depart gaangen. Hien ass mat engem Retard vun 29 Sekonnen op der 50. Plaz an d’Arrivée komm.

D’Top10

1 Jasper Stuyven (Trek-Segafredo) 6:38:06
2 Caleb Ewan (Lotto Soudal) 0:00:00
3 Wout Van Aert (Jumbo-Visma) 0:00:00
4 Peter Sagan (BORA-hansgrohe) 0:00:00
5 Mathieu van der Poel (Alpecin-Fenix) 0:00:00
6 Michael Matthews (Team BikeExchange) 0:00:00
7 Alex Aranburu (Astana-Premier Tech) 0:00:00
8 Sonny Colbrelli (Bahrain Victorious) 0:00:00
9 Søren Kragh Andersen (Team DSM) 0:00:00
10 Anthony Turgis (Total Direct Energie) 0:00:00

50 Kevin Geniets (Groupama-FDJ) 0:00:29

Back to Top
CIM LOGO