
E Samschdeg stoung beim Giro d’Italia déi 14. Etapp um Programm. No 195 relativ flaache Kilometer gouf et um Enn eng Victoire fir de Kasper Asgreen, dee mat sech 16 Sekonne virum Kaden Groves an dem Olav Kooij duerchsetze konnt. De Mads Pedersen an den Giulio Ciccone sinn duerch eng Chute 27 Kilometer virun der Arrivée mat engem Retard vun iwwer 16 Minutten ukomm. Den Italiener huet domadder seng Plaz an den Top-10 verluer.
Am General bleift den Isaac del Toro weider de Leader, dat mat 1:20 Minutt virum neien Zweete Simon Yates an 1:26 Minutt virum Spuenier Juan Ayuso.
De Kevin Geniets ass e Samschdeg als 50. mat engem Retard vun 2:06 Minutten iwwert d’Arrivée gefuer a klëmmt doduerch am Generalklassement op déi 32. Plaz.
Gutt 20 Kilometer nom Depart huet sech un der Spëtzt vun der Course ee klenge Grupp vu fënnef Coureure forméiert. Mat dobäi de Kasper Asgreen, Davy Clément, Louis Meintjes, Mirco Maestri a Martin Marcellusi. Am staarke Reen, dee mat der Zäit ëmmer méi staark ginn ass, konnte si sech e Virsprong vun enger gudder Minutt erausfueren. Bis op den Davy Clément an de Louis Meintjes krut sech d’Tête de la Course och bis op déi lescht Kilometer virum Peloton gehalen. Do gouf et 23 Kilometer eng gréisser Chute, an där et 10 Coureuren, dorënner och de Leader Mads Pedersen erwëscht huet. De Peloton ass doduerch ausernee gebrach. De viischte Grupp dovu konnt ëmmer méi no un den Trio un der Spëtzt fueren an och d’Coureure viru sech anhuelen. Bis op de Kasper Asgreen, deen zum Schluss nach genuch Kraaft an de Been hat, fir sech e puer Sekonnen ofzesetzen an d’Victoire ze sécheren.
50. GENIETS Kevin 2:06
32. GENIETS Kevin 29:18