Flèche du Sud: 4. EtappVictoire fir de Kolze Changizi, Tom Paquet 7. am General

RTL Lëtzebuerg
Op der 4. Etapp weist den Tom Paquet nees eng staark Leeschtung a kënnt op déi 13. Plaz. Den Arthur Klucker gëtt den 33. an de Cedric Pries den 38.
© FSCL

Op der 4. Etapp vun der Flèche du Sud déi iwwer 165,4 km vu Munneref zeréck op Munneref gefouert huet, huet den Tom Paquet nees eng staark Leeschtung gewisen a koum zäitgläich mam Gewënner Sebastian Kolze Changizi aus Dänemark op d’Arrivée. Mat der nämmlechter Zäit gëtt den Arthur Kluckers den 33., de Cedric Pries kënnt mat engem Retard vun 1 Minutt an 1 Sekonn op déi 38. Plaz an den Ivan Centrone verléiert als 41. 3 Minutten an 32 Sekonnen.

Am General verbessert sech den Tom Paquet vun der 8. op déi 7. Plaz, den Arthur Klucker verbessert sech ëm 4 Plazen op déi 15. Plaz an den Ivan Centrone verléiert 7 Plazen an ass elo den 30..

Victoire fir de Kolze Changizi, Tom Paquet 7. am General
Op der 4. Etapp vun der Flèche du Sud ass et iwwer 165,4 km vu Munneref zeréck op Munneref gaangen.

D’Klassement vun der Etapp

1 KOLZE CHANGIZI Sebastian Team ColoQuick 3:43:47
2 JEANNIÈRE Emilien Vendée U ,,
3 MALMBERG Matias Team ColoQuick ,,
4 VERCHER Mattéo Vendée U ,,
5 ZIJLAARD Maikel VolkerWessels Cycling Team ,,
6 TEUTENBERG Tim Torn Leopard Pro Cycling ,,
7 SWEECK Laurens Pauwels Sauzen - Bingoal ,,
8 NYS Thibau Baloise - Trek Lions ,,
9 LINDNER Tom P&S Benotti ,,
10 HEMING Mika ATT Investments ,,

13 PAQUET Tom Luxembourg ,,
33 KLUCKERS Arthur Leopard Pro Cycling ,,
38 PRIES Cedric Leopard Pro Cycling +1:01
41 CENTRONE Ivan Luxembourg +3:32

De General

1 NYS Thibau Baloise - Trek Lions 1 12:23:09
2 BONNET Thomas Vendée U +0:02
3 HEMING Mika ATT Investments +0:11
4 SCHUERMANS Jens BEAT Cycling +0:13
5 WEULINK Meindert ABLOC CT +0:16
6 BOUTS Jordy BEAT Cycling +0:17
7 PAQUET Tom Luxembourg ,,
8 PETER Jannis P&S Benotti ,,
9 MACLEOD Callum ABLOC CT +0:20
10 BAK Simon Team ColoQuick ,,

15 KLUCKERS Arthur Leopard Pro Cycling +0:47
30 CENTRONE Ivan Luxembourg +4:46

Back to Top
CIM LOGO