
Op der zweeter Etapp vum Tour de Suisse am Cyclissem gouf et no 178 Kilometer zu Lachen eng Victoire vum Mathieu van der Poel. Den Hollänner setzt sech virum Maximilian Schachmann a sengem Kompatriot Wout Poels duerch.
De Bob Jungels gouf de 34. op 1 Minutt 06. Den Alex Kirsch an den Jempy Drucker haten als 87., respektiv 88. e Retard vu 4 Minutten a 55 Sekonnen.
Am Generalklassement ass de Stefan Küng weiderhin de Leader, de Fransous Julian Alaphilippe ass elo den Zweeten op 1 Sekonn. Hei ass de Jungels den 32. op 1 Minutt a 17 Sekonnen. De Kirsch ass den 99. an den Drucker den 109., all Kéier op iwwer 5 Minutten.
1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix
2 SCHACHMANN Maximilian BORA - hansgrohe 0:01
3 POELS Wout Bahrain - Victorious 0:04
4 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team ,,
5 HIRSCHI Marc UAE-Team Emirates ,,
6 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers ,,
7 WOODS Michael Israel Start-Up Nation ,,
8 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step ,,
9 FUGLSANG Jakob Astana - Premier Tech ,,
10 KRON Andreas Lotto Soudal 0:09
1 KÜNG Stefan Groupama - FDJ
2 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step 0:01
3 SCHACHMANN Maximilian BORA - hansgrohe 0:02
4 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix 0:06
5 GARCÍA CORTINA Iván Movistar Team 0:12
6 CATTANEO Mattia Deceuninck - Quick Step ,,
7 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 0:13
8 POWLESS Neilson EF Education - Nippo 0:25
9 MÄDER Gino Bahrain - Victorious 0:30
10 KRON Andreas Lotto Soudal 0:33