Tour de France: 8. EtappVictoire fir de Nans Peters, Yates weider am Maillot Jaune

RTL Lëtzebuerg
Aus enger Echappée eraus konnt sech de Nans Peters virum Toms Skujins an dem Carlos Verona duerchsetzen. Adam Yates behält de Maillot Jaune.

De Fransous war aus der Echappée eraus schlussendlech de stäerksten wënnt no enger schwéierer Etapp zu Loudenvielle en solitaire virum Toms Skujins an dem Carlos Verona.

Den Adam Yates hat seng Schwieregkeeten fir mat de Favoritten mat ze halen mee schlussendlech kann e säi gielen Trikot verdeedegen.

Den Thibaut Pinot dogéint huet um Samschdeg vill Zäit verluer an huet domadder keng Chance méi op e gutt Resultat am Generalklassement.

De Bob Jungels kënnt mat engem Retard vun 25 Minutten an 23 Sekonnen als 76. op d’Arrivée a läit am General elo op der 63. Plaz op 49 Minutten an 28 Sekonnen.

En solitaire wënnt de Nans Peters déi 8. Etapp
Op der éischter schwéierer Etapp huet sech bei de Favoritte gewisen, mat wiem ze rechnen ass a wien net sou ee staarken Androck mécht.

De Resumé

Op der 8. Etapp ass et iwwer 141 km vun Cazères-sur-Garonne op Loudenvielle gaangen. Et war déi éischt Etapp an de Pyrenäen op där 2 Bierger vun der 1. Categorie an 1 vun der Hors Catégorie op d’Coureure gewaart hunn.

Direkt am Ufank vun der Course hu sech 13 Coureuren op de Wee gemaach bei deenen ënner anerem den Ilnur Zakarin (CCC), de Soren Kragh Andersen (Sunweb), de Michael Morkov (Deceuninck-Quick Step) an de Jeremy Cousin (Total Direct Energie) mat dobäi waren.

Dës Spëtzegrupp konnt hir Féierung op bis zu ronn 14 Minutten ausbauen mee am éischte Col huet de Peloton, an deem och de Bob Jungels mat dra war, dunn nees e bëssen Zäit gutt gemaach.

Ronn 50 km virun der Arrivée a virum zweete Bierg vum Dag, ass de Spëtzegrupp ausernee gefuer an déi 13 Coureuren konnte net méi all beienee bleiwen. Un d’Spëtzt konnte sech dunn de Nans Peters (AG2R-La mondiale) an den Ilnur Zakarin setzen.

Wéi de Peloton du bis am zweete Bierg vum Dag dem Col Port de Balès war, ass de Peloton ausernee gefuer a vill Fuerer hu misse lassloossen. Ënner anerem mam Thibaut Pinot och ee vun de Favoritten, dee Problemer mam Réck huet an domadder am General vill Zäit verluer huet. Am Grupp vum Pinot war och de Bob Jungels mat dobäi.

Opgrond vum héijen Tempo vun Jumbo-Visma, waren uewen um Col just nach déi bescht Coureuren mat am Grupp Maillot Jaune dobäi.

An der Descente vum Port de Balès konnt sech de Nans Peters vum Ilnur Zakarin ofsetzen an huet sech eleng un d’Spëtzt gesat, gouf och net méi ageholl a wënnt virum Toms Skujins an dem Carlos Verona.

Am leschte Col vum Dag ass de Grupp Maillot Jaune no enger Tempoverschäerfung vum Tom Doumoulin (Jumbo-Visma) ganz ausernee gefuer an den Adam Yates konnt net méi mathalen. Den Tadej Pogacar huet e staarken Androck hannerlooss a konnt sech vun den aneren Favoritten ofsetzen.

An der Descente konnt sech den Adam Yates awer nees un d’Favoritten erukämpfen a verdeedegt soumadder säi giele Maillot.

D’Top10

1 NANS PETERS ( AG2R LA MONDIALE ) 04h 02' 12'’
2 TOMS SKUJINS ( TREK - SEGAFREDO ) + 00h 00' 47'’
3 CARLOS VERONA ( MOVISTAR TEAM ) + 00h 00' 47'’
4 ILNUR ZAKARIN ( CCC TEAM ) + 00h 01' 09'’
5 NEILSON POWLESS ( EF PRO CYCLING ) + 00h 01' 41'’
6 BEN HERMANS ( ISRAEL START-UP NATION ) + 00h 03' 42'’
7 QUENTIN PACHER ( B&B HOTELS - VITAL CONCEPT P / B KTM ) + 00h 03' 42'’
8 SØREN KRAGH ANDERSEN ( TEAM SUNWEB ) + 00h 04' 04'’
9 TADEJ POGACAR ( UAE TEAM EMIRATES ) + 00h 06' 00'’
10 ROMAIN BARDET ( AG2R LA MONDIALE ) + 00h 06' 38'’

De General

1 ADAM YATES ( MITCHELTON - SCOTT ) 34h 44' 52'’
2 PRIMOŽ ROGLIC ( TEAM JUMBO - VISMA ) + 00h 00' 03'’
3 GUILLAUME MARTIN ( COFIDIS ) + 00h 00' 09'’
4 ROMAIN BARDET ( AG2R LA MONDIALE ) + 00h 00' 11'’
5 EGAN BERNAL ( INEOS GRENADIERS ) + 00h 00' 13'’
6 NAIRO QUINTANA ( TEAM ARKEA - SAMSIC ) + 00h 00' 13'’
7 MIGUEL ANGEL LOPEZ ( ASTANA PRO TEAM ) + 00h 00' 13'’
8 RIGOBERTO URAN ( EF PRO CYCLING ) + 00h 00' 13'’
9 TADEJ POGACAR ( UAE TEAM EMIRATES ) + 00h 00' 48'’
10 ENRIC MAS ( MOVISTAR TEAM ) + 00h 01' 00'’

Back to Top
CIM LOGO