Tour de France: 9. EtappVictoire fir de Pogacar, Roglic neie Leader am General

RTL Lëtzebuerg
Den Tadej Pogacar konnt sech um Enn am Sprint géint de Primoz Roglic an de Marc Hirschi duerchsetzen.

Um Sonndeg stoung bei der Tour de France eng schwéier Etapp iwwer 153 Kilometer vu Pau op Laruns um Programm. No knapp 60 Kilometer stoung hei de Col de la Hourcère, engem Col vun der éischter Kategorie, um Programm. Donieft gouf et nach weider zwee Bierger vun der 3. Kategorie ze iwwerwannen, éiert et ronn 25 Kilometer virun der Arrivée an de Col de Marie Blanque goung.

Et war dann och an dësem Col de Marie Blanque an deem den Tadej Pogacar mat enger Attack de Favorittegrupp ausernee gerappt hat. Hei waren et nieft him just de Primoz Roglic, den Egan Bernal an de Mikel Landa, déi sech als Grupp fonnt haten an op d’Poursuite vum Marc Hirschi goungen, dee sech fréi eleng ofgesat hat. Knapp 2 Kilometer virun der Arrivée gouf hien dann och ageholl a sou ass d’Entscheedung am Sprint gefall.

Hei war et de Pogacar, dee sech virum Roglic an dem Hirschi duerchsetze konnt.

De Bob Jungels gouf mat engem Réckstand vu 4 Minutten a 44 Sekonnen um Enn de 26.

De Primoz Roglic ass elo den neie Leader am General. Hien huet e Virsprong vun 21 Sekonnen op den Egan Bernal. De Bob Jungels ass den 52. op knapp 54 Minutten.

Victoire fir de Pogacar, Roglic neie Leader am General
Den Tadej Pogacar konnt sech um Enn am Sprint géint de Primoz Roglic an de Marc Hirschi duerchsetzen.

De Resumé

Wärend den éischte Kilometere gouf et ëmmer erëm Attacken, déi awer net vun Erfolleg gekréint waren, éier sech mam Marc Hirschi een éischte Coureur am Col de la Hourcère vum Feld ofsetze konnt. De jonke Schwäizer konnt sech duerno och eng Avance vun iwwert 4 Minutten op de grousse Grupp erausfueren.

Do hannendrun hat sech ee Grupp mat ënnert anerem dem Barguil an dem van Aert forméiert, dee sech allerdéngs net wäit vum Peloton ofsetze konnt a sou och erëm ageholl gouf. De Bob Jungels, gouf tëschenzäitlech vum grousse Grupp ofgehaangen, hie konnt ronn 45 Kilometer virun der Arrivée awer erëm den Uschloss fannen.

Virum Col de Marie Blanque gutt 25 Kilometer virum wäisse Stréch konnt sech den Hirschi un der Spëtzt mat enger Avance vu ronn 3 an enger hallwer Minutt virum Peloton halen, deen allerdéngs ganz séier an déi leschte Montée vum Dag gefuer ass an d’Avance vum Schwäizer doduerch zum schmëlze bruecht huet.

Déi éischten Attack vun de Favoritte war vum Tadej Pogacar, dee schonn um Samschdeg ee staarken Androck hannerlooss hat. Nieft dem Roglic konnten hei och nach de Bernal, de Landa an de Porte mathalen.

Un der Spëtzt huet iwwerdeems den Hirschi weider gekämpft, ma seng Avance ass lues a lues méi kleng ginn, ma de jonke Coureur huet gekämpft a wollt seng éischte Plaz verdeedegen.

Knapp 2 Kilometer virun der Arrivée gouf den Hirschi dann och ageholl a sou sollt d’Entscheedung am Sprint tëscht dëse 5 Coureure falen.

Hei war et den Tadej Pogacar, deen déi beschte Been hat. Hie konnt sech um Enn virum Roglic a virum Hirschi duerchsetzen.

De Bob Jungels gouf um Enn de 26. mat engem Retard vu 4 Minutten a 44 Sekonnen.

De Primoz Roglic ass elo den neie Leader am General. Hien huet e Virsprong vun 21 Sekonnen op den Egan Bernal. De Bob Jungels ass den 52. op knapp 54 Minutten.

D’Top10

1 TADEJ POGACAR (UAE TEAM EMIRATES) 03h 55' 17'’
2 PRIMOŽ ROGLIC (TEAM JUMBO - VISMA) -
3 Marc HIRSCHI MARC HIRSCHI (TEAM SUNWEB) -
4 EGAN BERNAL (INEOS GRENADIERS) -
5 MIKEL LANDA (BAHRAIN - MCLAREN) -
6 BAUKE MOLLEMA (TREK - SEGAFREDO) + 00h 00' 11'’
7 GUILLAUME MARTIN (COFIDIS) + 00h 00' 11'’
8 ROMAIN BARDET (AG2R LA MONDIALE) + 00h 00' 11'’
9 RICHIE PORTE (TREK - SEGAFREDO) + 00h 00' 11'’
10 RIGOBERTO URAN (EF PRO CYCLING) + 00h 00' 11'’
...
26 BOB JUNGELS (DECEUNINCK - QUICK - STEP) + 00h 04' 44'’

De General

1 PRIMOŽ ROGLIC (TEAM JUMBO - VISMA) 38h 40' 01'’
2 EGAN BERNAL (INEOS GRENADIERS) + 00h 00' 21'’
3 GUILLAUME MARTIN (COFIDIS) + 00h 00' 28'’
4 ROMAIN BARDET (AG2R LA MONDIALE) + 00h 00' 30'’
5 NAIRO QUINTANA (TEAM ARKEA - SAMSIC) + 00h 00' 32'’
6 RIGOBERTO URAN (EF PRO CYCLING) + 00h 00' 32'’
7 TADEJ POGACAR (UAE TEAM EMIRATES) + 00h 00' 44'’
8 ADAM YATES (MITCHELTON - SCOTT) + 00h 01' 02'’
9 MIGUEL ANGEL LOPEZ (ASTANA PRO TEAM) + 00h 01' 15'’
10 MIKEL LANDA (BAHRAIN - MCLAREN) + 00h 01' 42'’

Back to Top
CIM LOGO