
Um Enn huet d’Echappée vum Dag et awer op d’Arrivée gepackt. Aus dem Grupp vu 4 Mann hat den Dries de Bondt (Alpecin-Fenix) am Sprint d’Nues vir. Op d’Plazen 2 an 3 koumen den Edoardo Affini (Jumbo-Visma) an de Magnus Cort Nielsen (EF Education-EasyPost).
4 Coureuren hunn der relativ kuerzer Etapp de Stempel opgedréckt. Den Dries de Bondt, Magnus Cort Nielsen, Edoardo Affini an den Davide Gabburo hunn attackéiert a sech direkt e Virsprong erausgefuer. De Peloton huet d’Echappée awer ni wäit fortfuere gelooss, de Virsprong ass ni iwwer 3 Minutte geklommen. An der leschter Montée vun der 4. Kategorie ass de Peloton awer gespléckt ginn, soudass et méi schwéier gouf fir Drock op d’Echappée ze maachen.
Un der Spëtzt hunn déi 4 Coureure resistéiert an hate ronn 15 Kilometer viru Schluss nach e Virsprong vun 1 Minutt a 16 Sekonnen. Am grousse Grupp hannendrun huet een alles dru gesat fir un d’Ausräisser erunzekommen. Bis op d’Arrivée sollt et awer net méi duergoen, 14 Sekonne Retard hat den éischte Grupp vum Peloton op de Vainqueur.
Am General gouf et um Podium keng Changementer. De Richard Carapaz bleift weiderhin 3 Sekonne virum Jai Hindley. Drëtten ass de Mikel Landa op 1 Minutt a 5 Sekonnen. Virun der Etapp huet de Joao Almeida, deen op Plaz 4 louch a Leader bei de jonke Coureure war, wéinst engem positive Corona-Test missen opginn. De Vincenzo Nibali ass doduerch neie 4. am Klassement. D’Féierung bei de jonke Coureuren huet de Juan Lopez (Trek-Segafredo) iwwerholl.
1 DE BONDT Dries Alpecin-Fenix 3:21:21
2 AFFINI Edoardo Jumbo-Visma ,,
3 CORT Magnus EF Education-EasyPost ,,
4 GABBURO Davide Bardiani-CSF-Faizanè ,,
5 DAINESE Alberto Team DSM 0:14
6 DÉMARE Arnaud Groupama - FDJ ,,
7 CIMOLAI Davide Cofidis ,,
8 CAVENDISH Mark Quick-Step Alpha Vinyl ,,
9 GAVIRIA Fernando UAE Team Emirates ,,
10 CONSONNI Simone Cofidis ,,
1 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 76:41:15
2 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 0:03
3 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 1:05
4 NIBALI Vincenzo Astana Qazaqstan Team 5:48
5 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 6:19
6 HIRT Jan Intermarché - Wanty - Gobert 7:12
7 BUCHMANN Emanuel BORA - hansgrohe 7:13
8 POZZOVIVO Domenico Wanty - Gobert 12:30
9 LÓPEZ Juan Pedro Trek - Segafredo 15:10
10 CARTHY Hugh EF Education-EasyPost 17:03