Trofeo Serra de TramuntanaVictoire fir den Emanuel Buchmann

RTL Lëtzebuerg
Bei der Mallorca Challenge waren e Freideg och den Alex Kirsch an de Jempy Drucker um Depart. Si haten näischt mam Ausgang vun der Course ze dinn.
© AFP (Archiv)

Am Kader vun der Mallorca Challenge stoung e Freideg d’Trofeo Serra de Tramuntana um Programm. Iwwer 160 hiwweleg Kilometer ass et vu Sóller op Deià gaangen.

Um Enn konnt sech den Emanuel Buchmann en solitaire d’Victoire sécheren. Den Däitschen hat op der Arrivée eng Avance vun 38 Sekonnen op de Spuenier Alejandro Valverde an den Éisträicher Gregor Mühlenberger, déi an engem éischte grousse Grupp vun 21 Coureuren ukomm sinn.

Den Alex Kirsch ass den 103. op iwwer 12 Minutte ginn a fir de Jempy Drucker war et déi 137. Plaz op iwwer 16 Minutten.

Back to Top
CIM LOGO