Critérium du Dauphiné: 5. EtappVictoire fir den Geraint Thomas, Lukas Pöstlberger nach ëmmer Leader

RTL Lëtzebuerg
Op der 5. Etapp vum Critérium du Dauphiné goung et en Donneschdeg iwwer 175,4 Kilometer vu Saint-Chamond op Saint-Vallier.
Critérium du Dauphiné. - 5. Etapp
Victoire fir den Geraint Thomas, Lukas Pöstlberger nach ëmmer Leader.

Den Geraint Thomas war en Donneschdeg an der Schlussphas dee Stäerksten a konnt sech domat d’Victoire sécheren, dat virum Sonny Colbrelli an dem Alex Aranburu. De Michel Ries gouf den 79. op 3 Minutten an 3 Sekonnen an de Kevin Geniets ass als 122. mat engem Retard vun 8 Minutten a 40 Sekonnen iwwer d’Arrivée gefuer.

Am General bleift de Lukas Pöstlberger weiderhin de Leader. Den Éisträicher huet eng Avance vun enger Sekonn op den Alexey Lutsenko a 6 Sekonnen op de Kasper Asgreen. Hei leien d’Lëtzebuerger Michel Ries a Kevin Geniets op de Plazen 111 an 112 mat iwwer 25 Minutte Retard.

D’Top10

1 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers
2 COLBRELLI Sonny Bahrain - Victorious ,,
3 ARANBURU Alex Astana - Premier Tech ,,
4 BARBERO Carlos Team Qhubeka ASSOS ,,
5 WÜRTZ SCHMIDT Mads Israel Start-Up Nation ,,
6 VALGREN Michael EF Education - Nippo ,,
7 KONRAD Patrick BORA - hansgrohe ,,
8 VALVERDE Alejandro Movistar Team ,,
9 SWEENY Harry Lotto Soudal ,,
10 BONNAMOUR Franck B&B Hotels p/b KTM ,,
...
79 RIES Michel Trek - Segafredo 3:03
122 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 8:40

De General

1 PÖSTLBERGER Lukas BORA - hansgrohe
2 LUTSENKO Alexey Astana - Premier Tech 0:01
3 ASGREEN Kasper Deceuninck - Quick Step 0:06
4 IZAGIRRE Ion Astana - Premier Tech 0:09
5 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 0:13
6 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 0:14
7 VAN WILDER Ilan Team DSM ,,
8 PORTE Richie INEOS Grenadiers 0:16
9 KONRAD Patrick BORA - hansgrohe 0:32
10 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team 0:34
...
111 RIES Michel Trek - Segafredo 26:39
112 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 27:39

Back to Top
CIM LOGO