Paris-Nice: 8. EtappVictoire fir den Nielsen, Schachmann séchert sech de General

RTL Lëtzebuerg
De Cort Nielsen séchert sech d'Victoire am Sprint, fir de Roglic gouf et iwwerdeems ee schwaarzen Dag, hie verléiert seng 1. Plaz nach un de Schachmann.
Maximilian Schachmann wënnt Paris-Nice
No enger Chute vum Roglic huet sech den Däitschen d’Schlussvictoire geséchert. Op der leschter Etapp huet den Nielsen gewonnen.

Bei der 8. a soumat leschter Etapp vu Paris-Nice goung et fir d’Coureuren ëm de Leader Primoz Roglic an d’Lëtzebuerger Bob Jungels an Alex Kirsch iwwer 93 Kilometer vu Le Plan-du-Var op Levens. Op Grond vun de Restriktiounen a Bezuch op de Coronavirus ass d’Arrivée dës Joer net wéi gewinnt zu Nice, mee eben zu Levens. Bei engem Circuit, deen insgesamt dräi Mol gefuer ginn ass, stoung mat der Côte de Duranus direkt 3 Mol eng Kopp vun der 2. Kategorie um Programm.

Fir de Roglic, dee virum Depart 52 Sekonnen Avance op de Maximilian Schachmann hat, gouf et am zweeten Tour eng Schrecksekonn. De Coureur vun Jumbo-Visma war hei an eng Chute verwéckelt, ma hie konnt awer weiderfueren.

Un der Spëtzt konnt sech ee Grupp vu 4 Coureuren ofsetzen, hei war ënnert anerem de Warren Barguil mat dobäi.

Am Grupp vun de Favoritte gouf et ee schwaarzen Dag fir de Roglic, deen duerch zwou Chutten aus dësem Grupp gefall ass. 17 Kilometer virun der Arrivée war de Roglic ewell 34 Sekonnen hannert dem Schachmann, dee soumat gutt Chancen op de General hat.

D’Victoire gouf um Enn an engem Sprint entscheet. Hei war et de Cort Nielsen, dee sech behaapte konnt. Zweete gouf de Christophe Laporte virum Pierre Latour.

Am General huet de Roglic duerch seng Chutten d’Victoire vu Paris-Nice nach verluer. De Maximilian Schachmann ass um leschten Dag als 10. zäitgläich mam Gewënner ukomm an huet sech um Enn d’Victoire geséchert. De Roglic ass nach op déi 15. Plaz zeréckgefall.

Aus Lëtzebuerger Sicht gouf de Bob Jungels den 53. op 2 Minutten a 24 Sekonnen. Den Alex Kirsch gouf den 102. op iwwer 10 Minutten.

Am General ass et um Enn fir de Jungels déi 27. Plaz op ronn 9 Minutten a fir de Kirsch déi 104. Plaz op knapp 58 Minutten.

D’Top10

1 MAGNUS CORT NIELSEN (EF EDUCATION - NIPPO) 02H 16' 58'’
2 CHRISTOPHE LAPORTE (COFIDIS) + 00H 00' 00'’
3 PIERRE LATOUR (TOTAL DIRECT ENERGIE) + 00H 00' 00'’
4 DYLAN TEUNS (BAHRAIN VICTORIOUS) + 00H 00' 00'’
5 WARREN BARGUIL (TEAM ARKEA - SAMSIC) + 00H 00' 00'’
6 DYLAN VAN BAARLE (INEOS GRENADIERS) + 00H 00' 00'’
7 ION IZAGUIRRE INSAUSTI (ASTANA - PREMIER TECH) + 00H 00' 00'’
8 MATTEO JORGENSON (MOVISTAR TEAM) + 00H 00' 00'’
9 YVES LAMPAERT (DECEUNINCK - QUICK - STEP) + 00H 00' 00'’
10 MAXIMILIAN SCHACHMANN (BORA - HANSGROHE) + 00H 00' 00'’

De General

Back to Top
CIM LOGO