Tirreno-Adriatico: 4. EtappVictoire fir den Tadej Pogacar

RTL Lëtzebuerg
De Slowen gewënnt d'Kinneksetapp virum Simon Yates. De Pogacar ass elo neie Leader am General. De Jempy Drucker an de Kevin Geniets verléiere vill Zäit.
© AFP (ARCHIV)

Iwwer 148 km ass et vun Teri op Prati di Tivo gaangen. An der Schlussmontée war den Tadej Pogacar de Stäerksten an esou kann de Slowen sech nieft der Etappevictoire och iwwert déi 1. Plaz am General freeën. Hei läit de Coureur vum Team Emirates elo 35 Sekonne virum Belsch Wout van Aert. De Simon Yates kënnt mat engem Retard vu 6 Sekonnen op déi 2. Plaz. Als Drëtte fiert de Sergio Andres Garcia iwwert d’Ligne d’Arrivée.

De Kevin Geniets ass als 101. op 17 Minutten iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer. De Jempy Drucker ass op dëser schwéierer Etapp 130. ginn op iwwer 23 Minutten. Am General ass de Kevin Geniets op 17 Minutten den 112., de Jempy Drucker läit op der Plaz 141.

D’Top10

1 POGAČAR Tadej (SLO) UAE TEAM EMIRATES 3:51:24
2 YATES Simon Philip (GBR) TEAM BIKEEXCHANGE 0:00:06
3 HIGUITA GARCIA Sergio Andres (COL) EF EDUCATION - NIPPO 0:00:29
4 LANDA MEANA Mikel (ESP) BAHRAIN VICTORIOUS 0:00:29
5 QUINTANA Nairo (COL) TEAM ARKEA - SAMSIC 0:00:31
6 ALMEIDA João (POR) DECEUNINCK - QUICK-STEP 0:00:35
7 FABBRO Matteo (ITA) BORA - HANSGROHE 0:00:42
8 CARR Simon (GBR) EF EDUCATION - NIPPO 0:00:42
9 VAN AERT Wout (BEL) JUMBO-VISMA 0:00:45
10 FUGLSANG Jakob (DEN) ASTANA - PREMIER TECH 0:00:45

De General

1 POGAČAR Tadej (SLO) UAE TEAM EMIRATES 17:53:21
2 VAN AERT Wout (BEL) JUMBO-VISMA 0:00:35
3 HIGUITA GARCIA Sergio Andres (COL) EF EDUCATION - NIPPO 0:00:35
4 LANDA MEANA Mikel (ESP) BAHRAIN VICTORIOUS 0:00:38
5 QUINTANA Nairo (COL) TEAM ARKEA - SAMSIC 0:00:41
6 ALMEIDA João (POR) DECEUNINCK - QUICK-STEP 0:00:45
7 FUGLSANG Jakob (DEN) ASTANA - PREMIER TECH 0:00:55
8 CARR Simon (GBR) EF EDUCATION - NIPPO 0:01:03
9 FABBRO Matteo (ITA) BORA - HANSGROHE 0:01:12
10 THOMAS Geraint (GBR) INEOS GRENADIERS 0:01:25

Back to Top
CIM LOGO