De Fransous Theo Thomas huet zu Bieles vun Ufank un dominéiert a konnt sech um Enn mat enger Avance vun iwwer enger Minutt duerchsetzen. De Ken Conter louch laang virum Loïc Bettendorf, um Enn huet hien sech awer op der 3. Plaz klasséiert.
Déi komplett Resultater fannt Dir um Site vun der Vëlosfederatioun.