
Am Tour de Suisse am Cyclissem gouf et op der zweetleschter Etapp, engem Eenzelzäitfueren iwwer 23,2 Kilometer, mat Arrivée zu Andermatt, eng Victoire vum Rigoberto Uran. De Kolumbianer hat eng Avance vu 40 Sekonnen op de Fransous Julian Alaphilippe, deen den Zweete gouf.
De Bob Jungels klasséiert sech als 34. op 2.52 Minutten, den Alex Kirsch gouf den 87. op 4 Minutte 50 an 127. de Jempy Drucker op 6 Minutten 31.
Am Generalklassement bleift de Richard Carapaz aus dem Ecuador, deen haut Véierte gouf, virun der leschter Etapp, am Maillot vum Leader. Dat mat 17 Sekonnen virum Uran an 39 Sekonne virum Alaphilippe. De Jungels ass hei den 21. op 7 Minutten 48, de Kirsch den 78. op ronn 43 Minutten, an den Drucker den 100.ten op iwwer 51 Minutten.
1 URÁN Rigoberto EF Education - Nippo 0:36:02
2 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step 0:40
3 MÄDER Gino Bahrain - Victorious 0:54
4 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers ,,
5 DUMOULIN Tom Team Jumbo-Visma 0:56
6 CATTANEO Mattia Deceuninck - Quick Step 0:58
7 POZZOVIVO Domenico Team Qhubeka ASSOS 1:00
8 COSTA Rui UAE-Team Emirates ,,
9 KRAGH ANDERSEN Søren Team DSM 1:04
10 KÜNG Stefan Groupama - FDJ
1 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 10 20:37:27
2 URÁN Rigoberto EF Education - Nippo 0:17
3 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step 0:39
4 SCHACHMANN Maximilian BORA - hansgrohe 1:07
5 FUGLSANG Jakob Astana - Premier Tech 1:15
6 WOODS Michael Israel Start-Up Nation 3:10
7 POZZOVIVO Domenico Team Qhubeka ASSOS 3:16
8 OOMEN Sam Team Jumbo-Visma 3:39
9 COSTA Rui UAE-Team Emirates 3:43
10 CHAVES Esteban Team BikeExchange 4:29