Druivenkoers - OverijseVictoire fir Sénéchal, Luc Wirtgen gëtt 51.

RTL Lëtzebuerg
No ronn 195 Kilometer gouf de Luc Wirtgen bei der Victoire vum Florian Sénéchal den 51., de Jan Petelin koum op déi 67. Plaz.
© archiv

Bei enger Course vun engem Dag an der Belsch iwwer knapp 195 Kilometer konnt sech de Florian Sénéchal vun der Ekipp Deceunick-Quick Step d’Victoire sécheren, dëst mat 8 Sekonnen Avance op den Dries de Bondt. Aus Lëtzebuerg Siicht waren de Luc Wirtgen an de Jan Petelin mat um Depart. Um Enn konnt de Luc Wirtgen eng 51. Plaz mat 51 Sekonne Retard afuern. De Jan Petelin gouf mat gutt 3 Minutte Retard de 67.

Resultat

1 Florian Sénéchal (Deceuninck)
2 Dries De Bondt (Alpecin)
3 Mathieu van der Poel (Alpecin)
4 Davide Ballerini (Deceuninck)

Back to Top
CIM LOGO