
Den Dän vun Astana setzt sech no 174 schwéiere Kilometer op Grazalema virum Mikel Landa an dem Dylan Teuns duerch.
Beim Tour duerch d’Algarve konnt sech de Fabio Jacobsen vun Deceuninck-Quick-Step op der 1. Etapp vu Portimao op Lagos behaapten. Op Plazen 2 an 3 kommen den Elia Viviani an de Matteo Trentin.
De Jempy Drucker gëtt no 196 Kilometer an der selweschter Zait ewéi de Gewënner den 12..
De Kevin Geniets ass duerch eng Chute an de leschten 3 Kilometer opgehale ginn a kënnt als 123. 37 Sekonnen nom Fabio Jakobson un, kritt awer déi selwescht Zäit opgeschriwwen ewéi de Sprinter aus Holland.