D’Form vum Vincent Dias Dos Santos war e Sonndeg guer net um Rendezvous. Am éischten Tour war hien net wéit hannert der Spëtzt, duerno ass hien ëmmer méi no hanne gerëtscht esou dass de Vainqueur vum leschte Joer hei zu Brouch um Enn nëmmen de 15. gouf.
Ganz séier sinn de Scott Thiltges an de Lex Reichling dëse schwéiere physeschen an technesche Cross ugaangen. An deene 4 éischten Tier hu si sech un der Spëtzt ofgewiesselt, kee vun hinne konnt sech awer ofsetzen an doriwwer eraus huet d’Gefor permanent hannert hinne gelauert. Als éischt huet den Alzenger misse lass loossen an d’Konkurrenz zéie loossen. Wéi gewinnt huet hie bis zum Schluss gekämpft, méi wéi déi 7. Plaz war fir hien net dran. E bëssen anescht onse Champion.
De Préizerdauler huet einfach net labber gelooss an ass laang am roude Beräich gefuer. Bis an de 7. Tour louch de Lex Reichling un der Spëtzt a sengem Rad déi 2 Fransouse Victor Thomas an Hugo Boulanger. Dës 2 hunn dem Lëtzebuerger alles ofverlaangt esou dass hien am Agang vum zweetleschten Tour dës 2 huet missen zéie loossen. Onzefridde war de Lex Reichling op der Arrivée mat senger 5. Plaz op 30 Sekonnen awer net.
Déi 2 Fransousen hunn deemno d’Victoire ënnert sech ausgemaach. Op deene leschte Metere war de Victor Thomas dee stäerksten 2 Sekonne virum Hugo Boulanger deen de beschten Espoir gouf.