Paris-RoubaixWéinst der Corona-Pandemie ofgesot

RTL Lëtzebuerg
Eng vun de prestigiéiste Vëloscoursse gëtt dëst Joer net gefuer, an zwar gouf Paris-Roubaix elo annuléiert.

Dat huet den Organisateur ASO elo offiziell matgedeelt.

D’Coursse vun den Dammen a vun den Häre sollten de 25. Oktober sinn.

Déi 118. Editioun vun der “Reine des Classiques” soll elo den 11. Abrëll dat nächst Joer sinn.

Back to Top
CIM LOGO