Tour Auvergne-Rhône-AlpesWout van Aert wënnt 5. Etapp, 20. Plaz fir de Mathieu Kockelmann

Tom Nols
Am Tour Auvergne-Rhône-Alpes konnt sech de Wout van Aert no 195,8 Kilometer am Sprint duerchsetzen. De Lëtzebuerger Mathieu Kockelmann gëtt den 20..
De Wout van Aert huet déi 5. Etapp am Sprint gewonnen
De Wout van Aert huet déi 5. Etapp am Sprint gewonnen
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

Déi fënneft Etapp vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes goung iwwer 195,8 Kilometer vu Saint-Chamond op Villars-les-Dombes. Um accidentéierte Parcours hat sech direkt nom Depart eng Echappée mat sechs Fuerer forméiert, déi vum Peloton ni wäit iwwer zwou Minutten Avance zougestane kritt huet. Ronn 17 Kilometer viru Schluss ass de 6er Grupp duerch eng Attack explodéiert a kuerz dono vum Peloton agefaange ginn.

Am Massesprint hat de Wout van Aert déi beschte Been a konnt sech virum Fransous Hugo Hofstetter duerchsetzen. Drëtte gouf den Däitsche Phil Bauhaus.

Déi zwee Lëtzebuerger um Depart Mathieu Kockelmann a Kevin Geniets hu sech als 20., respektiv 48. klasséiert.

Am General bleift de Fransous Alex Baudin weider virop, mat 12 Sekonnen Avance op säi Landsmann Kévin Vauquelin. Op der drëtter Plaz, och mat 12 Sekonne Réckstand, läit den Englänner Oscar Onley. De Kévin Geniets ass deen 91. op 31 Minutten an 8 Sekonnen, de Mathieu Kockelmann läit mat 35 Minutten an 30 Sekonne Retard op der 109. Plaz.

E Freideg ass et eng Biergetapp, déi iwwer 182,3 Kilometer vu Saint-Vulbas op Crest-Voland wäert féieren. D'Course dauert nach bis e Sonndeg a gëtt all Dag live op RTL Tëlee Lëtzebuerg an op RTL.lu iwwerdroen a kommentéiert vun Tom Flammang a Kim Kirchen.

Back to Top
CIM LOGO