WM op der Strooss: U23 ZäitfuerenZoe Bäckstedt hëlt sech den Titel, Marie Schreiber op Plaz 14

RTL Lëtzebuerg
Op der Weltmeeschterschaft am Cyclissem zu Kigali am Ruanda gouf et am Zäitfuere vun den U23 Dammen eng souverän Victoire vum Zoe Bäckstedt.
© Photo by DIRK WAEM / BELGA MAG / Belga via AFP

D‘Brittin huet Konkurrenz deklasséiert a wënnt Gold virun der Slowakin Chladonova an der Italienerin Venturelli. Fir d‘Marie Schreiber ass et e Méindeg net sou gutt gaangen. Si hat op Plaz 14 ee Retard vun 3 Minutten an 29 Sekonnen. D‘Gwen Nothum koum op déi 17. Plaz op 4 Minutten an 10 Sekonnen.

E Sonndeg konnte sech d’Marlen Reusser an de Remco Evenepoel de Weltmeeschtertitel am Zäitfuere sécheren.

D’Klassement

1.BÄCKSTEDT ZOE 30.56,16
2. CHLADONOVA Viktoria +1.50,16
3. VENTURELLI Federica +2.11,58
4. WILSON-HAFFENDEN Felicity +2.21,75
5. IVANCHENKO Alena +2.22,44
6. COUZENS Millie +2.37,58
7. CZAPLA Justyna +2.47,60
8. ANDERSON Alli +2.53,06
9. HUYS Tabea +2.59,52
10. HOLMGREN Ava +3.05,76

14. SCHREIBER Marie +3.29,32
17. NOTHUM Gwen +4.10,24

Back to Top
CIM LOGO