
De Chef vun Deceuninck, de Francis van Eeckhout, huet an engem Interview mat “Het Laatste Nieuws” gesot, datt ee wéi geplangt um Kontrakt vun 3 Joer mat der Vëlosekipp géif festhalen an domat och 2021 geséchert wier.
Den Teamchef vu Quick Step, de Patrick Lefevere, sot, datt et fir vill Ekippen extrem wichteg wier, wann Enn August den Tour de France kéint ugoen, well heivun déi finanziell Méiglechkeeten a Sécherheete vun ville Vëlosekippe géif ofhänken.