Liichtathleetik: Diamond League6. Plaz fir Patrizia Van der Weken zu Oslo

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Liichtathleetin ass e Mëttwoch zu Oslo op den 100 Meter Sprint op déi 6. Plaz komm.
© MILLEREAU PHILIPPE/KMSP via AFP

D'Patrizia Van der Weken ass op den 100 Meter vum Diamond-League-Meeting zu Oslo mat engem Chrono vun 11.10 Sekonnen op déi 6. Plaz gesprint. An der Finall e Mëttwoch den Owend ëm 21:12 Auer war et d'Julien Alfred vu St. Lucia, dat sech no 10.76 Sekonnen d'Victoire huele konnt. De Podium komplettéiert hunn hannendrun d'Brittin Amy Hunt (10.99s) an d'Neiséilännerin Zoe Hobbs (11.03s).

Réischt de Weekend war d'Patrizia Van der Weken zu Stockholm am Asaz. Déi 26 Joer al Lëtzebuergerin koum mat engem Chrono vun 11,05 Sekonnen op déi 3. Plaz vum Diamond-League-Meeting a Schweden.

Back to Top
CIM LOGO