
D'Diamond League ass déi héchst Serie an der Liichtathleetik. Duerch staark Performancen an de leschte Joren huet sech d'Patrizia van der Weken d'Participatioun op dësem héijen Niveau erschafft. Et ass hir zweet Saison an der Diamond League.
E Sonndeg war e Meeting zu Stockholm a Schweden, wou d'Lëtzebuergerin hir bescht Zäit an der nach jonker Saison gelaf ass. An 11,05 Sekonnen ass si d'100 Meter gelaf a koum als Drëtt op de Podium. Si bleift awer nach 0,05 Sekonnen iwwer hirer perséinlecher Beschtzäit vun 11,00 Sekonnen. Gewonnen huet d'Course d'Amerikanerin Melissa Jefferson-Wooden (10,84) virun der Amy Hunt aus Groussbritannien (10,97).