Biathlon kennt een aus dem Wantersport nëmmen all ze gutt. Mee wat mécht ee fir ze trainéieren, wa kee Schnéi leit? A Frankräich an an der Belsch ass et scho méi wäit verbreet. Hei zu Lëtzebuerg ass de Cross-Biathlon nach eng Nisch. Dobäi gëtt de Schilaanglaf ersat duerch d'Cross-lafen. Den Challenge ass awer dee selwechte wéi beim Biathlon och, nämlech no engem intensive Effort roueg bleiwe fir ze schéissen.
De Cross Biathlon ass eng Disziplin, déi aus Trail-lafen a Schéisse besteet. Et kann ee wielen tëschent 3 oder 5 Ronnen. Et gi bei all Ronn 2 Kilometer gelaf an dertëschent gëtt 5 mol geschoss, ofwiesend am Stoen a Léien.
Bei all ratéiertem Schoss muss eng 150 Meter Strofronn gelaf ginn. U sech wéi beim richtege Biathlon, mat Ausnam, dass hei d’Schi an de Schnéi feelen. Well dësen am Grand-Duché rar ginn ass, huet de Schi-Club Loisir Nordique, an Zesummenaarbecht mat der Federatioun, seng Aktivitéiten an d'Ausland verlagert. De Cross Biathlon soll ënner anerem eng Reklamm si fir d’Wanter-Aktivitéite vum Veräin. Virun der Kompetitioun kann een d’Schéiss-Technik testen. D'Trainingsméiglechkeete ginn et zwar bei eis am Land nach keng, awer et besti Pläng.
Jean Leyder - President Schifederatioun: "Trainingsméiglechkeete probéiere mer, fir ab dem Hierscht dann dat och unzebidden, souwäit do Interêt ass. Ech mengen, da wier et d'Iddi, fir duerno déi, déi dat wierklech wëllen och weiderdreiwen, dass déi dann och mat an de Schnéi kéimen an dat dann och am richtege Biathlon eng Kéier géifen dann och testen. Et gëtt och Manifestatiounen, wou een dat mat Laser-Gewierer am Schnéi ka maachen. Also dat ass schonn e ganz spannende Sport."
Et besteet eng Kollaboratioun mat der belscher Federatioun. Déi Lëtzebuerger Federatioun huet 3 optesch Gewierer kaaft an déi aner gi bei eise belschen Nopere geléint. De Cross Biathlon ass am Format vun engem Contre-la-Montre. All 5 Minutte starte 5 Sportler. Iwwert dee Wee gëtt e Stau beim Schéissstand evitéiert. D’Zuel vun de Participante vun de Summer-Biathleten ass op 200 limitéiert.
Tom Winbomont - President vum Schiclub Loisir Nordique: "Dat ass organisatoresch scho méiglech fir méi, mee da gëtt d'Zäit tëscht dem éischte Starter an dem leschte Starter einfach sou laang, dass am Fong déi Leit, wou moies starten, guer näischt méi vum Schluss vun der Course matkréien. An dat ass op dee Moment e bësse schued."
Besonnesch spannend ass d’Schéissen. A well et optesch Gewierer sinn, besteet keng Gefor. Wier dat iwwerall de Fall, da wier eis Welt méi friddlech.