Vum 10. bis de 16. August zu BirminghamLëtzebuerg mat dräi Athleeten op der Liichtathletik-EM vertrueden

RTL Lëtzebuerg
D'Patrizia van der Weken, de Ruben Querinjean an d'Vera Bertemes-Hoffmann si fir d'EM an der Liichtathletik selectionéiert ginn.
Patrizia van der Weken
© VIRGINIE LEFOUR BELGA MAGBelga via AFP

Vum 10. bis de 16. August ginn zu Birmingham an England déi nei Europameeschteren an der Liichtathletik gesicht. Mat dobäi sinn dräi Athleeten aus dem Grand-Duché. D'Patrizia van der Weken start iwwer 100 Meter, de Ruben Querinjean iwwer 3.000 Meter Steeple an d'Vera Bertemes-Hoffmann iwwer 1500 a 5.000 Meter.

D'Patrizia van der Weken an de Ruben Querinjean sinn déi entspriechend Norme gelaf an d'Vera Bertemes-Hoffmann huet sech iwwer de Ranking qualifizéiert.

D'Patrizia van der Weken huet sech déi lescht Joren an der Weltspëtzt festgesat. 2024 war si bei der EM zu Roum déi Véiert ginn an hat de Lëtzebuerger Rekord op 11,00 Sekonne gesat. Well si zu den 12 beschte Sprinterinnen, déi bei der EM dobäi sinn, gehéiert, misst d'Lëtzebuergerin de Sprong an d'Halleffinalle packen. D'Halleffinallen an d'Finall iwwer 100 Meter si fir den 10. August programméiert.

D'Serien iwwer 3.000 Meter Steeple mam Ruben Querinjean ginn den 13. August gelaf. D'Finall ass fir de 16. August virgesinn.

Fir d'Vera Bertemes-Hoffmann fänkt d'EM direkt mat der Finall iwwer 5.000 Meter den 11. August un. Den éischten Tour iwwer 1500 Meter ass de 15. August. D'Finall ass den Dag drop.

De Programm vun de Lëtzebuerger nach emol an der Iwwersiicht

Patrizia van der Weken - 100 m

  • 1. Tour: Méindeg, 10. August um 12:25 Auer Lëtzebuerger Zäit
  • Halleffinallen (am Fall vun enger Qualifikatioun): Méindeg, 10. August um 21:10 Auer
  • Finall (am Fall vun enger Qualifikatioun): Méindeg, 10. August um 22:50 Auer

Ruben Querinjean - 3 000 m steeple

  • 1. Tour: Donneschdeg, 13. August um 12:30 Auer
  • Finall (am Fall vun enger Qualifikatioun): Sonndeg, 16. August um 21:50 Auer

Vera Bertemes-Hoffmann - 1 500 m a 5 000m

  • 5.000 m
    Finall: Dënschdeg, 11. August um 20:25 Auer
  • 1500 m
    1. Tour: Samschdeg, 15. August um 13:15 Auer
    Finall (am Fall vun enger Qualifikatioun): Sonndeg, 16. August um 22:13 Auer

Lëtzebuerg och bei der U20-WM vertrueden

Mam Uyana Granger ass Lëtzebuerg och bei der U20-WM am Oregon an den USA vertrueden. D'Lëtzebuergerin start iwwer 400 Meter Hecken. De 4. Juli 2026 hat si iwwer dës Distanz en neie Lëtzebuerger Rekord opgestallt. D'Zäit steet elo bei 59,09 Sekonnen. D'Serië ginn de 6. August um 19:02 Auer Lëtzebuerger Zäit gelaf. D'Halleffinalle sinn den 8. August um 18:15 Auer respektiv den 9. August um 3:15 Auer. D'Finall ass fir den 9. August um 22:30 Auer geplangt.

Back to Top
CIM LOGO