Den Iwwerbléck vum WantersportDomen Prevc wënnt d'Schisprangen zu Wisla eng zweete Kéier dëse Weekend

Jeff Birsens
De Slowen war weder e Samschdeg, nach e Sonndeg op der Schanz zu Wisla ze schloen.
© Foto von ANDRZEJ IWANCZUK / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP

Biathlon

No den Hären e Samschdeg waren e Sonndeg och d’Dammen am Sprint iwwer 10 Kilometer zu Östersund gefuerdert. D’Victoire ass hei um Enn mat enger Zäit vun 30:14.20 an ouni Feeler un d’Lisa Theresa Hauser gaangen. D’Éisträicherin konnt sech virun der Suvi Minkkinen aus Finnland (1 Feeler, +2.5s) an der Anna Magnusson aus Schweden (1 Feeler, +31.8s) duerchsetzen.

Schisprangen

Am Schisprangen zu Wisla huet de Slowen Domen Prevc no senger Victoire e Samschdeg och e Sonndeg op en Neits gewonnen. Mat 282.30 Punkte louch hien um Enn virum Japaner Ryoyu Kobayashi mat 281.40 Punkten an dem Däitsche Philipp Raimund mat 276.80 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO