Nach zwee national Rekorder dës SaisonD'Vera Bertemes-Hoffmann zitt e Schlussstréch ënner d'international Karriär

Cédric Ferry
Si hätt zanter dem Ufank vum Joer gewosst, dass et hir lescht Saison op héchstem Niveau wäert ginn, sou d'Leeferin.
Am leschte Joer vun hirer Karriär huet d'Mëttelstreckeleeferin nach zwee national Rekorder realiséiert.
© AFP

D'Vera Bertemes-Hoffmann zitt e Schlussstréch ënner hir international Karriär. Dat deelt déi national Liichtathletik-Federatioun e Mëttwoch an engem Schreiwes mat.

Zu de gréissten Erfolleger vun hirer Karriär zielen ënner anerem eng aachte Plaz iwwer d'1.500 Meter bei enger Europameeschterschaft, eng zweet Plaz bei de World University Games an eng Participatioun bei den Olympesche Spiller 2024 zu Paräis.

D'Olympesch Spiller zu Paräis waren den Héichpunkt vum Vera Bertemes-Hoffmann hirer Karriär.
D'Leeferin war Invitée um Plateau beim Fabienne Zwally a Jeff Kettenmeyer.

"Ech wosst zanter dem Ufank vum Joer, datt et meng leschte Saison op héchstem Niveau wäert ginn. Mee ech hat decidéiert, nëmme mengem noen Entourage dat matzedeelen. Ech wollt déi lescht Saison net nëmme fir mech selwer genéissen, mee och nach eemol alles aus mer eraushuelen. Wann ech et aneschters gemaach hätt, wier ech ze emotional ginn an dann hätt ech net nach sou gutt Performancë realiséiere kënnen", seet d’Vera Bertemes-Hoffmann am Communiqué vun der FLA.

Am Laf vun hirer Karriär huet si iwwer eng Rei Distanzen national Rekorder opgestallt. Zwee dovun nach dëst Joer. De 4. Januar 2026 op de Prom'Classic zu Nice, wou si d'10 Kilometer an 33:37 gelaf ass a bei der Route du Vin, wou si d'5 Kilometer op der Strooss a 15:46 absolvéiert huet.

Am leschte Joer vun hirer internationaler Karriär huet d'Vera Bertemes-Hoffmann Lëtzebuerg op der Hale-WM zu Torun, der Liichtathletik-Europameeschterschaft zu Birmingham an op der Stroosse-Weltmeeschterschaft zu Kopenhagen vertrueden.

Back to Top
CIM LOGO