Zanter Januar schloe se zu Arel Wellen. Net dobaussen, mee dobannen an engem éischter klenge Raum.
Sandra Zeeuw van der Laan - Surf Luxembourg: "Zu Lëtzebuerg hu mir vill Leit, déi op Knokke oder an Holland fueren, fir ze surfen. Awer mir sinn Hollänner a wunnen a Lëtzebuerg. Dofir hu mir eis gesot, mir brauchen hei eppes. D'Mier hu mir net, mee dofir brénge mir dann d'Waasser op Lëtzebuerg."
D’Waasser ass zu Arel, dat ass jo nëmmen e Kazesprong vu Lëtzebuerg ewech. Den Organisateur vum Benelux Open ass awer de Surf Club Lëtzebuerg. D’Competitioun limitéiert sech net nëmmen op de Benelux. Si koumen aus Amerika, der Schwäiz, Éisträich an Däitschland, sief et fir un der Pro- oder der Amateur-Competitioun deelzehuelen. Ënnert hinne vill jonk Leit, déi jéngst Participante ass 12 Joer al a kënnt vu Wien.
"Dëst Joer hunn ech vill trainéiert, souwuel fir d'Staatsmeeschterschaft, wéi och fir d'Europameeschterschaft. Mee och fir d'Benelux Open."
D'Informatioun iwwert de Benelux Open krute si iwwert verschidde Weeër.
"Ech hunn hei e Stage vun zwou Woche gemaach an hunn dunn erausfonnt, datt déi hei Competitioun ass. Ech wollt onbedéngt matmaachen."
"Ech war am Ufank vum Joer hei an hunn du mat de Patrone geschwat, well ech d'Well sou super fonnt hunn. Si soten dunn, datt si déi hei Competitioun wéilte maachen. Wéi ech et gesinn hunn, hunn ech mech direkt ugemellt a gefreet."
De Jury verdeelt Punkte fir d'Héicht an déi technesch Qualitéit vum Trick. Donieft och wéi wäit d'Waasser gesprutzt gëtt. Minuspunkte ginn et fir Chutten a wann ee sech um Bord unhält. Et gi 4 Passagë vun allkéiers 30 Sekonnen.
"Zesummen Tricks ze üben ass einfach super. Wann een en Trick gepackt huet, da freet ee sech einfach mega, well ee laang dofir geüübt huet."
"Wa meng verschidden Tricker fonctionéieren, déi ech laang geüübt hunn, da fannen ech dat super."
Fazit: wat ee méi Tricke beherrscht, wat besser.