De leschte Weekend hat d’Fanny Arendt, dem Charline Mathias säi 600 Meter Indoor-Rekord pulveriséiert an domadder de 27. beschte Chrono opgestallt , dee jee weltwäit gelaf gouf. E Samschdeg ass d’Folasathleetin ouni Rekordambitiounen ugetrueden, mam Internationale Meeting, den nächste Samschdeg an der Coque am Hannerkapp. An trotzdeem gouf et
en nationale Rekord.
Mat engem impressionnante Finish huet d’Fanny Arendt och den nationale 400 Meter Indoor-Rekord gebrach.
No der 400 Meter Course huet d’Fanny nach seng Frëndin Daniela Godhino encouragéiert a fir seng perséinlech Beschtzäit
gratuléiert. Duerno, huet d’Konzentratiounsphas fir d’200-Meter-Course ugefaangen. Och dës Sprintdistanz, huet déi aktuell
exzellent Form, vum Fanny confirméiert. De Samschdeg wäert d’Mëttelstrecke-Leeferin dann hir Liiblingsdistanz, d’800 Meter lafen, an deen een oder deen aneren Expert mengt, dass eng Zäit ënner zwou Minutte méiglech wier.
Nom internationale Meeting geet et da séier zréck an Amerika op d’Uni.