Trauer ëm Seegler Charlie DalinGewënner vun der Vendée Globe am Alter vun 42 Joer u Kriibs gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Fransous hat zejoert fir d'éischte Kéier d'Vendée Globe gewonnen. Nach wärend der Weltëmseegelung hat hie seng Krankheet ëffentlech gemaach.
De Charlie Dalin wënnt d'Vendée Globe 2024
De Charlie Dalin wënnt d'Vendée Globe 2024
© GLAZ / MATHIEU RIVRIN / HEMIS.FR/Hemis via AFP

Grouss Trauer ëm de franséische Seegelstar Charlie Dalin. De Gewënner vun der Vendée Globe 2024 ass am Alter vun 42 Joer u Kriibs gestuerwen. Dat huet seng Famill der Noriichtenagence AFP matgedeelt. "Mat déiwer Trauer gi meng Famill an ech den Doud vu mengem Mann Charlie Dalin bekannt, deen no laanger Krankheet gestuerwen ass", sou seng Fra Perrine Le Pape. Si huet drëm gebieden, d'Privatsphär vun der Famill ze respektéieren.

Am Hierscht war bekannt ginn, datt den Dalin säi Succès bei der leschter Vendée Globe ënnert dramateschen Ëmstänn gefeiert hat. Hien hat matgedeelt, datt e scho wärend der Weltëmseegelung eng seele Kriibsform hat. Dat hätt d'Aufgab definitiv net méi einfach gemaach, sou den Dalin. Am Hierscht 2023 hat een den Tumor beim Seegler entdeckt. E puer Wochen no sengem Retour war hien operéiert ginn. De Rendez-vous vun der Operatioun wier quasi den nämmlechte gewiescht, och wann hien net gefuer wier, sou den Dalin.

De Charlie Dalin hat d'Weltëmseegelung a 64 Deeg, 19 Stonnen, 22 Minutten an 49 Sekonne gepackt. Den 31. Januar 2025 war hien ukomm.

Back to Top
CIM LOGO